Nintendo deelt mat
"Nintendo Direct" gouf wéinst Äerdbiewen ofgesot

© Facebook Nintendo
E neien Datum ass nach net gewosst...
E Freideg, 7.September sollt am fong nees Rendezvous fir eng nei Iwwerdroung vun Nintendo Direct sinn. 35 Minutte sollt d'Iwwerdroung dës Kéier daueren, esou Nintendo an engem Communiqué.
Majo dat Ganzt huet Nintendo elo awer ofgesot, dat wéinst den dramateschen Äerdbiewen a Japan, bei deenen et jo och schonn Doudesaffer gouf.
Selbstverständlech hunn esou schrecklech Evenementer absolut Prioritéit, sou dass d'Iwwerdroung vun Nintendo, déi hire Standuert jo a Japan hunn, absolut verständlech verréckelt gouf.

Am meeschte gelies