Nodeems den Datum jo huet missten verréckelt ginn, steet de neien Datum fest. Um 0:00 an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg.

Wéinst de schwéieren Äerdbiewen a Japan gouf déi leschte Nintendo-Direct jo verréckelt, ma elo steet den Datum fest.

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg (14. September um 0:00) wäerten d'Fans nees déi neisten News a Produiten fir d'Switch an d'3DS presentéiert ginn.

D'Iwwerdroung soll ronn 35 Minutten daueren an op der japanescher Twitter-Page gouf och scho verroden, dass eng Iwwerraschung wäert op eis waarden. Et dierf een gespaant sinn.