De Lëtzebuerger Champion am CS:GO gëtt nees gesicht

D'Competitioun leeft vum 15. September bis den 1. Dezember 2018. Sidd live dobäi!
D'Luxmasters ass eng national Kompetitioun, an där et all Joers drëms geet iwwert en Online- respektiv Offline-Turnéier ze ermëttelen, wien de Lëtzebuerger Champion am Counter-Strike: Global Offensive gëtt. 2017 goufen et ganzer 23 Ekippen.
Dëst Joer sinn et nëmme 14 Ekippen, ma dat huet och e Grond, esou de Jerome Becker vun E-Sports Luxembourg:
D'Online-Phase, also wou ee ka vun doheem aus matspillen ass vum 15. September bis Mëtt November. D'Offline-Finalle sinn den 1. Dezember da ganzen Dag.
Hei kënnt der vun 18 Auer un e Samschdeg den Owend de Stream suivéieren!
Hei de Programm-Oflaf, erkläert vum Jerome Becker vun E-Sports Luxembourg:
Alleguerten d'Infoen iwwert den Oflaf, d'Ekippen an sou weider gëtt et op der offizieller Page vun de Luxmasters 2018 oder bei den Organisateuren vun E-Sports Luxembourg.

© nightler.com