Assassin's Creed Odyssey op der Switch?
A Japan soll et méiglech sinn, dat via Stream iwwert d'Cloud
Ufanks kléngt et wéi e Witz, ma Assassin's Creed soll effektiv op der Switch spillbar sinn, dat elo mol ufanks just a Japan.
Nintendo an Ubisoft hunn zesummen an engem Trailer déi nei Cloud-Versioun vun Assassin's Creed Odyssey virgestallt.
Bis elo ass dëse Release awer exklusiv fir Japan virgesinn, wou et iwwregens och méiglech ass Resident Evil 7 iwwert de Cloud-System ze streamen.
D'Europäer mussen also klassesch op d'PC-, PS4-, an Xbox One-Versioun zeréckgräifen.
Am meeschte gelies