Sony bréngt den 3. Dezember eng Playstation-Classic Mini eraus!
Retro ass definitiv am Moment ugesot an der Gaming-Industrie. Och Sony wëll dohier elo eng Mini-Versioun vun der 1. Playstation op der Maart bréngen.
Sony huet et offiziell annoncéiert, et kënnt, ähnlech wéi d'NES-Mini Classic oder d'SNES-Mini Classic vun Nintendo, och elo eng nei Mini-Versioun vun der alleréischter Playstation, der groer Playstation 1 eraus.
Hei d'Fakten déi bis ewell gewosst sinn:
- d'Konsol kënnt mat 20 virinstalléiert Spiller
- Release-Datum ass den 3. Dezember, dat a Japan, Europa, Nordamerika, Australien a Neiséiland
- de Präis läit bei 99.99€
- Spiller déi bekannt sinn, dass se drop sinn: Final Fantasy VII, Tekken 3, Wild Arms, Jumping Flash a Ridge Racer Type 4 (Déi aner 15 Spiller sollen no a no bekannt ginn.)
- D'Konsol selwer soll, wéi bei Nintendo och, vill méi kleng sinn, manner wéi d'Halschent vun der Originaler Playstation 1. (45% an de Säitelängten an 80% manner am Volume)

© Sony Interactive Entertainment
- Och de Packaging soll sou authentesch wéi méiglech sinn
- 2 original Manetten
- HDMI an USB-Kabel inclus