Pixel.lu: Dat éischte Lëtzebuerger Videospill
Let's Play mam David a Joe DEEL 2
RTL-Gaming huet sech de "Sigi - Ee Fuerz fir d'Melusina" vu Pixel.lu mol genee ugekuckt. Kuckt d'Review an de Let's Play vun RTLYou!
Um Gaming-Channel "Checkpoint" op RTLYou ginn et alleguerten d'Deeler vum Let's Play an d'Review!
Pixel.lu, dohanner stécht e Lëtzebuerger Game-Designer, deen praktesch ganz eleng d'Videospill entwéckelt huet, dat a nëmme ronn 7 Méint. Nëmmen d'Musek gouf vun enger anerer Persoun an Zesummenaarbecht gemaach.
Suivéiert Pixel.lu a seng Projeten op Twitter!
Hei den offizielle Site vu Pixel.lu
Dobäi kënnt, dass d'Spill net nëmme vun engem Lëtzebuerger geschriwwe gouf an op Lëtzebuergesch ass, mä et dréit sech och nach ëm eng lëtzebuergesch Geschicht mat Referenzen aus dem Grand-Duché.

© Sigi - Ee Fuerz fir d'Melusina
D'Legend seet nämlech, dass de Grof Siegfried sengem Melusina nospionéiert huet, wéi dës an der Bidde louch. Dobäi huet hie gesinn, dass d'Melusina eng Floss amplaz vu Been huet. Vu lauter Schreck war d'Melusina dunn an d'Uelzecht gesprongen a soll dunn fir ëmmer verschwonne gewiescht sinn.
Am Spill vu Pixel.lu well de Sigi dëst awer net op sech sëtze loossen a mécht sech op d'Sich nom Melusina. Heibäi muss hien eng Partie Challengen a Géigner iwwerwältegen, fir schlussendlech d'Melusina dann awer kënnen ze retten an et erëmzegesinn.
Ausgesinn & Gameplay
"Sigi - Ee Fuerz fir d'Melusina" ass e klassesche Jump&Run-Plattformer am Retro-Style. An anere Wieder: et fillt een sech zréck an d'Zäite vu Super Nintendo, Sega Mega Drive a Co zeréck-katapultéiert.
An enger 8-Bit-Grafik, begleet vun engem "catchy" Soundtrack, muss een de Sigi mat Hëllef vu Sprangen, rennen a verschiddene Waffen, wéi enger Lanz, Schwäerter oder, jo, dier liest richteg, Pouletsstrempelen, duerch d'Levele feieren a géint déi verschiddenste Géigner Kämpfen.

© Sigi - Ee Fuerz fir d'Melusina
Wann d'Retrohäerz net scho genuch schléit, dann eréischt richteg, wann een deene sëlleche Boss-Géigner etappeweis begéint, déi een all Kéiers zum schmunzele bréngen. Hei erkennt ee ganz kloer, d'Referenze vun der Lëtzebuerger Geschicht ëm d'Melusina. Dobäi kënnt, dass dës Referenzen sech duerch dat ganzt Spill zéien an een ëmmer nees schmunzele loossen.
De Fait, dass een net méi séier lafe kann, wéi dat bei "Super Mario" de Fall ass, ass op der enger Säit ongewinnt, op der anerer Säit, ass de Level-Design esou ausgeluecht, dass een et och effektiv net brauch an et dohier och net vermësst.
Interessant ass de Choix vun de Waffen, deen ähnlech wéi bei "Contra", eng gewësse Wichtegkeet huet. Eng Waff am Spill, de Pouletsstrempel, ass och carrement méi schlecht, wéi déi aner Waffen. Verschidde Waffe sinn da méi nëtzlech a bestëmmte Situatiounen aner Waffen an anere Situatiounen.

© Sigi - Ee Fuerz fir d'Melusina
D'Spill als Ganzt huet dann och en interessanten Twist, well d'Spill an enger éischter Linn drop hinziilt an de leschten, finale Level vum Spill ze kommen, an deem een da géint de leschte Boss kämpfe muss, fir säi Melusina nees zeréckzekréien. Hei ass et awer sou, dass ee beim éischte Spillen, mat grousser Wahrscheinlechkeet ze wéineg Liewen huet an dem Géigner net gewuess ass. Hei muss een dann zeréck an d'Levele vu virdrun (mat Hëllef vun der Map) an seng Liewen opstocken. Dat funktionéiert, an deem ee Mënz sammelt (pro 100 Coins gëtt et e Liewen), Wope sammelt oder, ganz am Gedenken un "Donkey Kong Country", Buschtawen "S" "I" "G" "I" sammelt, fir och hei e Liewe bäizekréien.
Fënnt een niewent all deem och nach déi verschwonnen Artefakten, ass et engem méiglech, d'Spill zu 100% ofzeschléissen.
Dobäi kënnt, dass d'Spill sech duerch seng Längt extrem gutt fir Speedrunning eegent.
Eenzegen Nodeel ass, dass d'Spill eventuell e wéineg ze kuerz ass, et hätt een alt gären nach weider gespillt, och wann et fir de Präis absolut, souguer méi wéi gerechtfäerdegt ass.
Fazit
De Soundtrack, de Look, d'Steierung... alles ass, wéi een sech dat vun engem gudden Indie-Spill wënscht an et erkennt ee séier, dass sech hannert pixel.lu Potenzial befënnt, dat absolut mat der Front vun der Indie-Zeen mathale kann.
Eleng de Fait, dass d'Spill an den Online-Stores vun der Nintendo Switch, der Playstation 4, der Playstation Vista, der Xbox 360 an op Steam fir PC ze kréien ass, weist dass dëst Potential längst erkannt gouf an et kann ee sech nëmmen drop freeën, wat an Zukunft nach vum Lëtzebuerger op eis Konsolen oder PC'e kënnt. Virun allem als Lëtzebuerger soll een sech iwwerleeën, dës Spill zouzeleeën: e gutt Videospill , dat sech staark u Lëtzebuerger Referenzen orientéiert an och nach komplett a Lëtzebuerger Sprooch ass, gouf et nach net an ass dann dach eng eenzegaarteg Erfarung.

© Sigi - Ee Fuerz fir d'Melusina
Mat Diddeleng als Lëtzebuerger Ekipp an der Europa League hu mer mat Pixel.lu elo och e Lëtzebuerger Designer deen international ervirstécht!
D'Spill kritt vun eis eng exzellent 8/10.