Bethesda hofft, dass hiert neit Online Rollespill d'Potenzial vun engem Fallout 3 a Skyrim huet, Spiller déi haut nach ëmmer vill gezockt ginn.

Et wëll een ofwaarde wéi d'Community op d'Spill reagéiert an da verschidden Elementer abauen oder ewech huelen.

Et soll och kee wierklech richtege Schluss hunn, et heescht also hei ofwaarden.

Dofir kéint een elo nach net soen op d'Spill zwee Joer oder fënnef Joer oder souguer nach méi laang gespillt gëtt.

Fallout 76 kennt jo de 14. November eraus.