RTL-Gaming huet den neisten Ubisoft-Titel scho getest
Anescht wéi beim Virgänger "Origins", bei deem de Spiller an d'Zäit vun den Egypter zeréckversat gouf, dréit sech am "Odyssey" alles am déi al Griichen.
Relativ séier huet Ubisoft de neisten Trailer erausbruecht, dat wann ee bedenkt, dass den Origins eréischt am Hierscht 2017 erauskomm ass.
Natierlech ass d'Spill kee komplett neit Spill, mee et ass déi nämmlecht Engine wéi am Origins, mat ähnleche Spillelementer, awer eben an engem neien historesche Kader.
Hei gëtt et den 1. Deel vum Let's Play!
Den David Winter an de Joe Gaertner hunn den Titel schonn ugetest. Assassin's Creed Odyssey kënnt e Freideg 5. Oktober offiziell eraus.
Eng méi detailléiert Review vum Spill gëtt et nach virum Release!