De neie "Super Mario Party" fir d'Nintendo Switch ass eraus. D'RTL-Gaming Redaktioun huet sech den elo schonn 11. Konsolen-Titel vun der Serie ugekuckt.

Kommentéiert mat "Mario Party" ënnert dësen Artikel oder liked de Post vun RTL oder RTLYou op Facebook , fir eng Kopie vu Super Mario Party fir d'Switch ze gewannen!

Am Dezember ginn et elo schonn 20 Joer, zënter deem den éischte Mario Party fir d'Nintendo 64 erauskomm ass. Zënter hir huet Nintendo reegelméisseg nogeluecht, sou dass mëttlerweil 11 Konsolespiller (Nintendo 64, Game Cube, Wii, Wii U, Switch) an eng Rei Spiller fir d'Handhelden eraus komm sinn.

Ma vill huet sech um Konzept vum Spill net geännert, gouf et mol probéiert, ass et wéineg bis guer net gutt bei de Fans vun der Serie ukomm.

An och bei der neister Versioun fir d'Switch huet sech net vill an deem Sënn geännert. Ganz ënnert dem Motto: "Wien näischt mécht, deen näischt brécht!" Dat kann ee gutt fannen, dat kann ee schlecht fannen, mä et kritt ee mat "Super Mario Party" definitiv e Mario Party wéi een et gewinnt ass.

RTL

Ervirzehiewe sinn dës Kéier den Online-Modus, dee mat Switch Online natierlech elo kompatibel ass, de Koop-Modus, deen eventuell de But vu Mario Party verfeelt, allerdéngs fir Ofwiesslung suergt, an d'Konzept mat de verschiddene Wierfelen déi een huet an asetze kann. Esou kritt de Spiller méi e Gefill vu Strategie an de Glécksfakteur ass e wéineg minimiséiert.

Mat nëmme 4 Maps am klassesche Modus, gëtt dat Ganzt leider awer e wéineg séier monoton, och wann et verschidde Modi ginn, fir déi ronn 80 Minispiller géinteneen ze spillen.

RTL

Dobäi ze soen ass nach, dass d'Joy-Cons extrem gutt mam Spill zesummewierken an och d'Zesummeschléisse vu verschiddene Switch-Ecrane funktionéiert och exzellent, och wann et net wierklech vill Minispiller heivir ginn.

Am Groussen a Ganze kann een ofschléissend soen, dass ee keng Revolutioun bei Mario Party kritt, se allerdéngs och eiser Meenung no net erwaarde soll. D'Konzept vu Nintendo funktionéiert hei nämlech zënter Jore gutt, e wéineg Peffer a Salz an der Zopp kéint dann dach déi nächste Kéier dra sinn.

Alles an allem gi mer dem Spill eng 7/10.