Mat knapps iwwert 125 Milliounen Spiller Weltwäit ass d'Online-Spill “Fortnite” sécherlech den meeschten Leit en Begrëff.

Dës enorm héich Unzuel un Spiller leit villäicht ënnert anerem  dodrun dass et neierdéngs och méiglech ass fir Crossplay ze spillen.

Soumat ass Fortnite, och a virun allem, bei der méi jonker Generatioun extrem beléift wat den Elteren natierlech oft ze bedenke gëtt op dëst Spill net villäicht ze aggressiv oder net Jugend fräi ass. Wann si dann an dësem Sënn op eng sougenannten Alter Begrenzung wëllen zeréckgräife, stoussen se mat grousser Wahrscheinlechkeet op d ‘Indikatioun “USK 12”. Dëse Rating ass awer leedeglech op de Modus “Rettet die Welt” bezunn an net op dee vill méi populären, an och méi gespillten, “Battle Royale” Modus. An deem sougenannte “Battle Royale” Modus spillen am Ganze bis zu 100 Spiller zesummen an enger Partie, mat dem Ziel fir zum Schluss eleng iwwereg ze bleiwen, jo déi aner Spiller mussen ëmbruecht gi an dëst mat Waffe wou een am Spillverlaf fanne kann.

Wisou dee méi populäre Modus keng Altersbegrenzung huet, leit dorun dass gratis Online Spiller kenger Aschätzung verflicht sinn. De “Rettet die Welt”-Modus ass am verglach zum “Battle Royale” Modus net gratis an huet dowéinst missten esou eng Begrenzung hunn. Bei gratis online Spiller hunn déi jeeweileg Spill Ubidder d ‘Méiglechkeet selwer ze decidéieren ob si wëllen dass hiert Spill sou eng Agrenzung vum Alter soll hunn oder net. Dëst huet Epic-Games awer net gemaach an dohier gëtt et bis zum momentanen Zäitpunkt och nach keng.

Dobäi kennt, dass et och nach eng sëllech Unzuel vu sougenannte Sigele gëtt wat den Elteren oder allgemeng de Konsumenten eng Individuell Aschätzung enorm erschwéiert. Sou schwätzt een an Däitschland bei Video-Spiller vun der USK (Unterhaltungssoftware Selbstkontrolle), an den USA vun dem ESRB ( Entertainment Software Rating Board) oder nach an Europa vun der PEGI (Pan European Game Information).

Doduerch dass de “Battle Royale” Modus gratis an de jeeweilege Store erofzelueden ass, trëtt hei keng Alter Begrenzungspflicht a Kraaft. Dat bréngt mat sech dass Kanner d ‘Méiglechkeet hunn d ‘Spill ganz ouni Komplikatioune kënnen ze downloaden. An deem Sënn si d'Eltere gefrot fir ze kontrolléiere wat hier Kanner downloaden an och spillen.

Och wann an dësem konkrete Spill elo kee Blutt oder Läichen ze gesi sinn, ass d'Haaptzil awer, fir seng Géigner ze bekämpfen an doduerch och ëmzebréngen. Och wann dëst an engem fiktive Set-up funktionéiert soll een den Kampf Faktor net bausse fir loossen. Egal op een elo als Ouschterhues, Basket Männche mat enger Aaxt ënnert der Form vun engem Loftballon danzend duerch d’Géigend spréngt, muss ee fir ze gewannen déi aner Spiller schlussendlech eliminéieren.