De Fette Petz um Netz geheit fir RTL-Gaming e Bléck op de neien Worf vun Ubisoft. Assassin's Creed Odyssey fällt gréisstendeels positiv, mä mat Macken, op.

"MALAKA", dat ass dat Wuert, wat mir no den éischte Stonnen am Spill am meeschten un de Kapp geheit gouf. Mol Google wat dat heescht:

„Malaka“ stammt vom griechischen Wort „malakos“ ab.
„malakos“ bedeutet „weich“, „verweichlicht“ oder „soft“ im Sinne von verwöhnt.
Es ist mit dem griechischen Wort für Masturbation „Malakia“ verwandt.

In Kombination von „Masturbation“ und „weich“ ergibt sich so folgende Erklärung:
Jemand ist ein Wichser „Malaka“, weil er/sie zu viel masturbiert und in Folge
dessen sein Gehirn weich geworden ist.

Ehm, OK, Merci Ubisoft, elo weess ech mäint och...

Spaass bei Säit, ech hat dat grousst Vergnügen, mech déi lescht Deeg e bëssen an den neien Ofleeër vun der Assassin's Creed Franchise ze geheien. A wat e Spaass dat bis elo war.

Nodeems een am Virgänger Origins als Bayek vum Medjai Uerden am anticken Egypten ënnerwee war, geet et am Nofolger an dat alt Griicheland. Esou wei et schonn éischtmoleg bei Assassin's Creed Syndicate de Fall war, steet een direkt am Ufank virum Choix entweder mat engem männlechen oder weiblechen Haaptcharakter ze spillen.

Méi Fräiheet ass ëmmer gutt, schued ass et awer, dass bis op e puer Klengegkeeten d'Story vum Spill duerch des Entscheedung net weider ännert. Choix, ass awer e Wuert, wat sech d'Spillentwéckler zu Häerz geholl hunn, an och wann ech perséinlech ëmmer e bëssen zesummenzucke wa Leit soen, Assassin's Creed wier elo en RPG (Rollespill), sou begréissen ech dach den Effort, souwuel visuell, wei och mat ënnerschiddlechen Äntwertméiglechkeeten a Gespréicher, mat dem lineare Storytelling vun den alen Deeler ze briechen.

Als Alexios (oder Kassandra), Jong vum berühmte Kinnek Leonidas, fänkt een also säin Abenteuer op der (historesch relevanter) Insel Kefalonia un.

RTL

Direkt gëtt een onweigerlech vun der Grafik vun dësem Spill impressionnéiert. Et leeft op der selwechter Engine, déi eis och scho beim Virgänger iwwerwältegt huet, mee par Rapport zu der ägyptescher Wüst, dréit d'Schéinheet a Villfalt vun der griichescher Welt dozou bäi, ëmmer erëm, mat fonkelen Aen d'Ëmgéigend einfach a sech opzesaugen. Déi intern Photo-Funktioun kritt soumat och vill ze dinn, well all puer Meter erschléisse sech virun engem onwahrscheinlech Vuen, déi ee soumat ouni Méih veréiwege kann.

De Kampfsystem hat jo beim Origins schonn eng enorm Verännerung matgemaach a fir den Odyssey gouf dëse bäibehalen an nach verbessert. Fir mech ass dat ee vun de beschte Changementer am Verglach zu de méi alen Assassin's Creed Spiller, well et bei dësem fréier oder spéider net méi duergeet sech op de bewäerte Buttonmashing ze berouen, mee ee mat dodgen a parryen e bësse méi usprochsvoll Kämpf viru sech huet.

Trotzdeem ass Stealth a Sneaken ëmmer nach e groussen Deel vum Gameplay, a wann een dann eng ganz Garnison erleedegt, ouni och just fir eng Sekonn gesinn ze ginn, fillt een sech nees wei de gudden alen Ezio Auditore. Genau wei beim entdecke vun der Welt, ass et d'Villfalt vun de Virgoensweisen, déi a mengen Aen des "nei" Assassin's Creed  Approche zu engem Erfolleg mécht.

Ween sou wei ech vläicht nom Assassin's Creed Unity e bësse "Creed-Fatigue" hat, huet sech iwwert den erfrëschenden "Origins" sécher gefreet. Een Element huet mir awer nach gefeelt, an zwar d'Entdecken a Kämpfe mam Schëff, wat mer aus "Black Flag", mengem Favorit aus der Franchise, kennen.

Ëmsou méi glécklech war ech, dass dëst am Odyssey nees de Wee zréck an d'Spill fonnt huet.

RTL

Deementspriechend grouss ass dann och d'Spillwelt. Mat 256 Quadratkilometer ass des quasi 3 mol sou grouss wei beim Virgänger, a souguer e bësse méi grouss wei Black Flag, a soumat déi gréisste Map vun der Franchise.

Fir mech ass et e Genoss des Welt, souwuel zu Fouss, mee och op Séi ze entdecken, wärend deng Crew Sea-Chanties sengt. Des besote Crew kann een, sou wei d'Schëff selwer och konstant erweideren, upgraden a customizen, dat souwuel mat kosmetesche wei awer och funktionellen Upgrades. An och u Land, kann ee seng Crew a brenzelege Situatiounen zur Hëllef ruffen.

No e puer Stonne kommen dann och Fraktiounen an d'Spill, des sinn haaptsächlech natierlech Athen a Sparta, an an der Presentatioun vum Spill kommen hei souwuel déi historesch, wei och déi cinematographesch Aspekter vun dëser Era vun der Geschicht zur Geltung.

Ze erwäne gëllt och, den optionalen Exploration-Modus. Ween dëst aktivéiert, kritt anstatt vu genaue Punkten op der Map, éischter generell Hiweiser, wou ee fir déi verschidde Questen hi muss, an als solches ass et a mengen Aen nach eemol méi spannend d'Welt ze entdecken, an et fält een op vill Platzen, wei Grotten a Buchten, déi ee soss vläicht net begéint hätt. Wee sech doduerch awer verluer fillt, fir dee gett et natierlech ëmmer nach de Standard "Guided Mode", wou ee schéi mat der Hand gehalen, a mat der Nues bei säin nächst Objektive gefouert gëtt.

RTL

E weideren a leschte Punkt op deen ech kuerz well agoen, ass d'Story vum Spill. Positiv gefält mer hei absolut, wei een d'Spill op enger Insel ufänkt, ouni vill iwwer sech selwer oder den Zoustand vun der Welt ze wëssen, an no an no méi gewuer gëtt. Spéitstens wann een da säi Schëff kritt an déi ganz Welt fir een opgeet, zitt och d'Story un, an et stellt sech eraus, dass de Kär vun der Geschicht, wei och scho beim Virgänger, Rache ass. Vu wiem géint wien a wisou, dat verroden ech op dëser Platz awer net, dat sollt Der scho selwer erausfannen. Bis op deen een oder anere klenge "cringe" Moment, gefält mer d'Story bis elo awer, an d'Aart a Weis vum Spill, dass een och einfach eng Paus mat der Main-Quest ka maachen an anere Beschäftegunge kann nogoen, mécht dass et ni langweileg gëtt.

Um Schluss gëtt et dann awer och nach e klenge Minus vu mir, an zwar fir d'Microtransactions. Ech muss agestoen, dass ech bis op ee Moment ganz am Ufank, iwwerhaapt net vum Spill dozou opgefuerdert gi si Microtransactions ze benotzen, an se eigentlech och guer net méi virun Ae gehale krut, wat hëlleft net grad sou genervt dovun ze sinn.

RTL

Trotzdeem stéiert mech a vill aner Leit de Fakt, dass een, virun allem an engem Singleplayer-Spill (wat een zum volle Präis kafe muss) d'Optioun kritt vill Geld a besser Waffen an Equipement ze stiechen. Et stellt ee sech nämlech onweigerlech d'Fro, wéi vill d'Entwéckler doru geduecht hu wei se d'Spill programméiert hunn. Wéi vill Items wiere villäicht direkt am Spill gewiescht, a goufen erausgeholl fir duerno eenzel kennen ze verkafen, wei grouss ass den Ënnerscheed an domat den erzwongenen Ureiz, nieft dem Kafpräis nach zousätzlech Geld an d'Spill ze investéieren a virun allem, wei wäerte sech des Methoden an der Zukunft verschlëmmeren, wann d'Konsumenten dëst einfach friessen a sech net dogéintstellen?

Alles an allem, sinn ech wierklech begeeschtert vun der Richtung an déi d'Assassin's Creed Spiller sech beweegen. Hoffentlech maachen se net de selwechte Feeler wei an der Vergaangenheet, Joer fir Joer eng Fortsetzung mat wéineg bis guer kenge Verännerungen erauszebréngen, mee Ubisoft huet jo och schonn ugekënnegt, dass se sou wei scho virum Origins, nom Odyssey net unbedéngt zréck zu jäerleche Release wëllen, mee all zukünftegem Nofolger déi Zäit wëlle ginn déi se brauchen. Mech freet et, mee fir elo mécht sech dëse "Malaka" mol erëm op d'Rees duerch dat antikt Griicheland, op d'Sich nom Minotaurus. Ya soo!

Score vum Fette Petz um Netz:

Presentatioun: 9 / 10
(Grafik,Design, Musik, Sound)

Gameplay:    8 / 10

Story: 7 / 10

(Microtransactions: -0,5)

Score:  7,5 / 10

Score vun der RTL-Gaming Redaktioun

Presentatioun:  9 / 10
(Grafik,Design, Musik, Sound)

Gameplay: 8,5 / 10

Story: 8 / 10

Score: 8,5 / 10

FINAL SCORE: 8 /10