Wäert d'Playstation 5 ofwäerts-kompatibel sinn a PS4, PS3, PS2 a PS1 ofspille kënnen? Elo ginn et ganz kloer Indicen dofir!

Den 2. Oktober ass et offiziell gemaach ginn, dass Sony an den USA en neit Patent agereecht huet, traditionell en Indice dofir, dass dës Patenter och spéider effektiv agesat ginn, fir spéider Projeten.

D‘Auteure vum Patent sinn de George Weising an den Tom Lindquist, déi schonn éiweg bei Sony schaffen. De Lindquist ass ee vun de Pionéier an der Emulatorzeen, wat natierlech nees perfekt bei d'Theorie vun enger Ofwäerts-Kompatibilitéit passe géif.

Et wier natierlech phänomenal, wann dëst géif klappen, well Sony esou eng Konsol erausbrénge géif, déi alleguerten d'Spiller, déi et bis ewell an der Geschicht gouf, ofspille kann.