
Mam Joé Walter kritt 11F Gaming e neien professionellen eSport-Spiller am FIFA.
Wéi 11F Gaming e Mëttwoch den Owend annoncéiert huet, wäert e weidere professionelle FIFA-Spiller zu Lëtzebuerg Fouss faassen. Joé "LUX_Walter" Walter ass de Numm vum Spiller an huet och schonn an de leschte Joren eng Rei Exploite konnte fir sech verzeechnen.
Dozou gehéieren:
- Gewënner vun der "11F FUT League" am FIFA18
- Gewënner vum EGO European Cup 2v2 am FIFA 18
- Finall am National Cup am FIFA 18
- Top 4 an der ESWC-Qualifikatioun Lëtzebuerg am FIFA 17

EGO European Cup 2v2 / © Facebook
De Joé Walter huet e Vertrag vun engem Joer ënnerzeechent, 11F wäert weiderhin d'Management vum eSportler iwwerhuelen. Dës wier domadder elo schonn den 3. Spiller bei 11F Gaming, deen e Profi-Vertrag ënnerschriwwen huet.