Videospiller, an och all déi aner Forme vun Ënnerhalungsmedien, erweise sech hautdesdaags als ideale Refugium.

Si erlaben ons, an aner Welten anzedauchen an de ganzen Alldagsstress emol ze vergiessen. Dofir ass et och heiansdo wichteg, deene méi klenge Spillentwéckler eng Chance ze ginn an hinnen eng Bildfläch fir hiert Spill ze bidden. Dacks erweise sech grad d’Spiller, vun deene méi klengen Entwécklerstudioen als richteg Pärelen ënnert dem groen Alldagskascht. Esou ass et och hei beim Spill "A Short Hike".

A Short Hike ass ee Spill fir d’Entdecker. De Spillprinzip? Relativ simpel! D’Zil vum Spill ass et e Bierg eropzeklammen. Ursprénglech gouf d’Spill am Juli 2019 fir de PC released a konnt do esou en grousse Succès genéissen, dass den Entwéckler vum Spill Adam Robinson-Yu sech dozou entschloss huet, d’Spill och op d’Nintendo Switch ze bréngen. Ermontert gouf den Adam doduerch, dass säi Spill och fir sëllege Präisser nominéiert gouf, dorënner ënner anerem fir de Golden Joystick, den Dice a beim Audience Choice Award. Esou koum et, dass d’Spill den 18. August 2020 am Nintendo E-Shop opgedaucht ass. Do kënne sech d’Leit d‘Spill fir de Präis vu 6,99€ downloaden.

RTL

© Adamgryu / Presse-Kit

Am Spill klëmmt een an d’Roll vun der Haaptfigur Claire. D’Claire ass awer kee Mënsch, d’Claire ass e Villchen a mécht eng Zäit Vakanz bei senger Bom an de Bierger. Allerdéngs geléngt et ëm net richteg ofzeschalten, well et déi ganzen Zäit op en wichtegen Telephon waart. Mä d’Claire huet op der Insel, wou seng Bom lieft, keen Empfang. Dowéinst decidéiert sech d’Claire op den héchste Punkt vun der Insel, op der Sich no Empfang, ze wanderen. Domat ass eis Aventure lancéiert.

Natierlech verleeft eis Rees net ouni Problemer. D’Claire stellt nämlech relativ schnell fest, dass et fléien, bezéiungsweis klotere muss, fir op de Bierg ze kommen. Allerdéngs feelt him dofir déi néideg Konditioun. Mä gëlle Fiedere kënnen dogéint Ofhëllef verschafen, allerdéngs sinn des rar geseet. Déi sëllegen a wonnerschéi gestalten Duerfbewunner hunn dës Fiederen, mä si iwwerloossen dem Claire déi Fiederen net einfach sou. Hat muss eng sëllegen Aufgabe léisen oder se ausserhalb vun der Pist an der fräier Natur fannen. Dir mierkt, e schnellen Opstig ass net méiglech, Dir sidd also gezwongen, d’Natur z'entdecken, Iech op aner Leit anzeloossen an am Endeffekt sidd Dir gezwongen, vum stressegen Alldag ofzeschalten.

RTL

© Adamgryu / Presse-Kit

Vum Alldag ofschalten... Dat beschreift d’Spill eigentlech perfekt an dofir gëtt och gesuergt. Egal op beim Aangelen, beim Wanderen, beim an der Loft-Schwiewen, beim Sammele vu Schätz oder beim Stick-Ball Spillen, beim Zocke vergësst ee wat ronderëm ee geschitt. Doriwwer eraus ginn et vill Awunner, déi alleguer ganz individuell gestallt sinn an och ganz interessant Charakterzich Opweises hunn. Beispillsweis gëtt et e Fräsch, dee fir e Posten als Buergermeeschter vu senger Sandbuergen-Stad kandidéiert oder awer en aarme Möchtegern-Student, dee probéiert Sue fir säi Studium opzedreiwen.

Dobäi ass d'Graphik vum Spill relativ simpel gehalen. Béis Zonge géifen esouguer behaapten, dass esou munch Nintendo DS-Spill eng besser Graphik hat. Allerdéngs gëtt ee mat der Zäit waarm mat der Graphik an et kënnt een zu der Konklusioun, dass dës och e gewëssenen Undeel u Charme vum Spill huet. Dobäi sief erwäänt, dass d’Retro-Nostalgiker esouguer de Pixelbräi vergréissere kënnen. Et ginn am ganze fënnef Graphikstufen tëscht deenen een auswiele kann, an domat ass dem Spiller selwer iwwerlooss, wéi vill Retro-Gefiller en opkomme loosse wëll. Wat virun allem z'iwwerzeege weess, ass déi Diversitéit u Biotopen, déi d’Spill ze bidden huet. Vun enger äiseger Biergregioun, engem sonnege Strand mat Beachvolleyball-Flair, enger Bootstour bis hin zu engem verreente Kierfecht ass alles iergendwou op der Insel vertrueden. Et lount sech also all Steen zweemol ëmzedréien.

RTL

© Adamgryu / Presse-Kit

Allerdéngs brauch sech de Soundtrack och net verstoppen. En ass duerchaus stëmmeg a weess de Spiller ze fesselen an Zeenerie geschéckt z'ënnermolen. De Mark Sparling, deen de Soundtrack komponéiert huet, weess deemno, wéi een eng gemittlech an zugläich opreegend Atmosphär schafft, déi weess de Spiller direkt a säi Bann ze zéien.

A Short Hike beweist androcksvoll, wéi et méiglech ass, aus enger klenger Insel, gefillt e ganze Kontinent ze maachen. Dank de villen Ofzweigungen an de sëllege Geheimnisser, gëtt een ëmmer erëm dozou ermontert, vum Haaptwee erofzegoen an aner Beräicher vun der Insel z'exploréieren. Dat léisst d'Welt zugläich vill méi ëmfangräich wierken, villäicht esou guer ze ëmfangräich.

RTL

© Adamgryu / Presse-Kit

Allerdéngs ginn et och en puer kleng Kritikpunkten. De Spillmenü ass menger Meenung no e bëssen oniwwersiichtlech strukturéiert, d’Kameraféierung mécht heiansdo net dat wat se onbedéngt soll maachen an et feelt eng Kaart, fir sech op der Insel erëmzefannen. Dat war et dann awer och.

Ech perséinlech hat wierklech vill Spaass beim Spillen an hunn fonnt, dass wann een d‘Spill zu 100% ofschléisse wëll, et dann dach relativ knackeg gëtt. D’Spill ka mat enger relativ faarweger Welt, ville sympathesche Charakteren, engem exzellente Soundtrack, enger herrlecher Atmosphär a mat engem gudde Message, nämlech heiansdo ofzeschalten, glänzen. Dobäi ass de Spillprinzip net wierklech komplex, mä heiansdo sinn et déi simpel Saachen am Liewen, déi ee fesselen. De scheinbaren Open-World-Prinzip, déi simpel Spillmechanik, alles dat dréit dozou bäi, dass dëst Spill eng sënnlech an eng berouegend Aventure duerstellt. Insgesamt géif ech d’Spill mat 9/10 bewäerten.

RTL

© Adamgryu / Presse-Kit