Am Prinzip handelt et sech beim Spill ëm eng "Visual Novel", déi iwwert de Kapitalismus opkläre wëll...

Ee Joer laang als Ingenieur an enger Fabrick schaffen, an dëst en Vue vu soziale Spannungen? Enorm schwiereg a moralesch verwerflech Entscheedungen treffen, déi negativ Konsequenzen op de weidere Verlaf vu sengem Liewe kéinten hunn? Erausfanne wéi friddlech Bierger et fäerdeg bréngen, dass Läit un d’Muecht kommen, déi hiren eegene Prinzippien total widderschwätzen? All dës sozial Phenomener ginn am Spill „Norman’s Great Illusion“, wat den 19. August fir d’Nintendo Switch verëffentlecht gouf, behandelt, oder et gëtt zumindest probéiert se ze behandelen...

Am Prinzip dréit et sech beim Spill em eng Visual Novel, déi iwwert de Kapitalismus opkläre wëll, a weise wëll, wéi den Drang vun der Chefetage no ëmmer méi Geld an Erfolleg sech negativ op de klengen Aarbechter auswierke kann.

RTL

© Screenshot

Am Spill spillt een en Fabricksaarbechter, deen all Dag moies erwächt, mat senger Famill Kaffi drénkt, op d’Aarbecht fiert, schafft, zréck kënnt, zu Owend ësst an da schlofe geet. An dat ëmmer an ëmmer erëm. Ënnerbrach gëtt déi Monotonie duerch eng Rëtsch moralesch en ethesch Entscheedung, déi de Spiller muss iwwert e Joer treffen. Sou muss een sech beispillsweis entscheeden, ob een säin Noper fir eng kleng Sëmmchen u Sue bei der Police verrode wëll, oder ob ee léiwer säi Mond hält, fir d’Harmonie an de Fridden an der Noperschaft ze garantéieren.

Fir dat ganzt net ze monoton ze gestallten, hu sech d’Entwéckler geduecht zwee Minispiller anzeprogramméieren, déi een ëmmer erëm spillen dierf, wann een op d’Aarbecht oder vun der Aarbecht erëm heem fiert a wann een op der Schaff ass. Dobäi handelt et sech engersäits ëm e Reaktiounsspillchen an anerersäits ëm en Spill wou een seng Mathe-Kenntnisser aus dem 6. Schouljoer ënner Beweis stelle kann.

RTL

© Screenshot

Wat d’Graphik vum Spill betrëfft, stellt ee fest, dass d’Entwéckler sech fir en Oldschool-Look entscheet hunn. Spréch, et huet een am ganze Spill eng einfach 2D-Pixelgraphik, déi een, egal ob een sech an der Stad oder a sengem eegenen Haus befënnt, egal ob et Wanter oder Hierscht ass, virgesat kritt. En plus huet een d’Gefill, dass d’Spill aus ganze 5 ënnerschiddleche Screens besteet, déi emol nach net richteg animéiert goufen. Esou feelen Animatioune vum Auto oder vun der Hauskaz, déi am Haus hiert Onwiesen dréift. Wat een awer duerchaus positiv eraushiewe muss, ass de Soundtrack vum Spill. Gefillt ginn et och do nëmme fënnef ënnerschiddlech Tracks, mä déi wëssen alleguerten z'iwwerzeegen an se passe gutt bei déi Oldschool-Graphik.

En weidere positive Kritikpunkt ass de Fait, dass d’Spill 7 verschidden Endings huet, dat heescht et kann een d'Spill och e puer mol spillen. Allerdéngs sinn, ganz objektiv betruecht, wéineg Ureizer do, d’Spill no eemolegen Duerchspillen nach eng Kéier unzepaken.

RTL

© Screenshot

Seele war ech bei engem Spill esou hin an hir gerass wéi bei „Norman’s Great Illusion“. D’Iddi vum Spill, de Leit nozebréngen, wéi béis Muechten un d‘Rudder vun der Gesellschaft kommen a wéi Krich entstoe kann, ass genial an am Prinzip och gutt ëmgesat ginn. Dofir maangelt et awer un all deenen aneren Ecke vum Spill (mat Ausnam vum Soundtrack), wat schued ass!

D’Spill ass vun de Mini-Spiller a vum Opbau hir monoton, langweileg an eigentlech net spillenswäert. Déi dann dach almoudesch Graphik dreet net dozou bei, dass sech iergendeppes un dëser Perceptioun ännere kéint. Menger Meenung no ass d’Quintessenz vum Spill, de Kapitalismus ënnert dem Deckmantel vum Krich ze erfuerschen, top, mä se gouf extrem schlecht ëmgesat.

Wien sech allerdéngs mat engem Spill, wat een am beschten als eng Mëschung tëscht Geschichts- a Mathéskuer beschreiwe kéint, a mat engem monotone Spillprinzip ufrënne kann, dee fënnt villäicht mat senge 4,99€, deen en fir d’Spill investéiere muss, fir eng kuerz Zäitche säi Spaass. Mech huet d’Spill allerdéngs net iwwerzeegt, soudass et schlussendlech eng Bewäertung vun 3/10 kritt.

RTL

© Screenshot