En onbeschreiflecht, skurrilt, mä och usprochsvollt Spill, fënnt eisen Tester.

Spill: Infini

Konsol: Nintendo Switch / Steam

Präis: 12€ / 9,99€

Genre: Platformer, Puzzle 2D

Entwéckler: Barnaque

Publisher: nakana.io

Handlung

Am Spill Infini spillt een d’Geschicht vum Engel Hope no, deen duerch eng weider fiktiv Persoun, dem War, an engem schier endlosen a konfusen Näischt gefaange geholl ginn ass. D’Zil vum Spill ass et aus dësem Näischt ze entlafen. Dobäi hëllefen dem Hope aner fiktiv Charakteren, wéi d’Memory, d’Poetry, d’Technology an den Time, déi him déi verschidden Ecke vum Näischt weisen, an hien zréck op déi richteg Spuer, an domat zréck an déi „richteg“ Welt brénge wëllen. Fir dat Zil ze areeche gëllt et mol méi, mol manner schwéier Rätselen ze léisen.

Gameplay

De Gameplay baséiert haaptsächlech dorop, dass den Hope vum ieweschte Bildschirm-Rand op den ënneschte Bildschirm-Rand eroffält, a wann hien um Enn ukomm ass, hien erëm uewen um Bildschierm erschéngt. Dësen Effekt nennt een an der Gaming-Branche de „wraparound“-Effekt. Beim Eroffale gëllt et en ronne Krees ze areechen an domat an deen nächste Level ze kommen. Mä ganz esou einfach, wéi et elo klengt ass d’Spill dann awer net. No an no kommen nämlech divers Mechaniken, wéi de Fait, dass een Zäit méi lues vergoe loosse kann, een an der Loft stoe bléiwe kann oder awer de Level duerch den Zoom vergréissere kann, a Géigner an Hindernisser dobäi, soudass d’Spill duerno relativ usprochsvoll gëtt. Allerdéngs ginn et och en puer Passagen am Spill, wou een sech an der Welt beweegen a ronderëm lafe kann, an och mat diversen Objeten interagéiere kann.

Grafik & Sound

Direkt virewech: D’Spill ass definitiv näischt fir Epileptiker a Läit, déi sensibel op faarweg a flacker Biller reagéieren, sollen och léiwer hir Fanger vum Spill loossen. De Grafikstil ass wéi alles am Spill onorthodox, speziell a schwéier ze beschreiwen. Fir Iech dovun ze iwwerzeege kuckt Dir Iech am beschte selwer d’Biller un. Esou kennt Dir Iech en eegent Bild vum Spill maachen. De Sound ass eng Mëschung aus Neue Deutsche Welle, Synthpop a Lento-Violento. Ergo och zimmlech speziell, mä passend zum Grafikstil an zum Spill un sech. Insgesamt ka souwuel d’Graphik, wéi och de Sound iwwerzeegen, obwuel een eng gewëss Zäitche brauch fir sech ob dat anzeloossen.

Steierung

D’Steierung ass relativ simpel a gëtt och gutt erkläert. Dat eenzegt wat en bësse frustréierend ass, sinn d‘Hitboxe vun den Hindernisser. Des sinn nämlech net ëmmer gläich grouss. Esou ginn déi schwéier Levelen och heiansdo en bësse kënstlech an d’Längt gezunn.

Fazit

Bewäertung: 6/10

Beim éischten Uspillen huet d’Spill op mech gewierkt, wéi eng Mëschung aus Ayahuasca, Ritalin a Cannabis. An genee esou wéineg, wéi ech weess, wéi sech déi Mëschung aus Substanzen ufillt (hei och nach den ausdrécklechen Hiweis, d’Fanger wech vun Drogen ze loossen!), genee esou wéineg wosst ech, wéi ech dëse Review schreiwe sollt. Am Prinzip handelt et sech bei dësem Spill em en relatiivt usprochsvollt Rätselspill. Mä d’Mëschung aus dësem spezielle Graphikstil, dem surreale Soundbild, der onorthodoxer Story, déi ech selwer net ganz richteg verstanen hunn, an de komplett verréckte Charaktere maachen d’Spill zu deem wat et ass: En onbeschreiflecht, skurrilt, mä och usprochsvollt Erliefnis. Liibhaber vum Spill-Genre wäerte sécherlech en Gefalen um Spill fannen!