Genee sou wéi bei Filmer, ginn et och an der Videospillwelt Meeschterwierker, déi ee sou bal net vergësst...

Mafia: Definitive Edition - Rep. David Winter

Awer am Géigesaz zu Filmer, déi een nach Joerzéngte ka genéissen, ass dat bei Videospiller méi schwéier: déi al Grafik an deels schwéierfälleg Animatioune bremsen dacks d’Freed um Spillen. Ma een vun dëse Kult-Spiller gouf elo komplett nei remastered an oppoléiert: dat 18-Joer-aalt Spill „Mafia“. Den David Winter huet fir eis Informatiounen dozou.

Ënnert dem Titel „Mafia: Definitive Edition“ gouf d’Spill elo komplett frësch programméiert, de Gameplay gouf moderniséiert an alles nei vertount. Ëm wat geet et? Den Tommy Angelo ass Taxifuerer an der Stad Lost Heaven, dat an de wëllen 30er Joren. Per Zoufall kënnt hien a Kontakt mat der organiséierter Kriminalitéit a gëtt no an no bannent der Mafia-Famill zu engem ranghéije Member. Mat enger genialer Story huet „Mafia“ virun 18 Joer seng Fans begeeschtert a gëllt haut als Meeschterwierk. Den Alex Cox, Game-Director beim Entwécklerstudio Hangar 13: „ Ech denke Mafia huet esou vill Androck hannerlooss, well et sech ugefillt huet, wéi wann ee säi Liblings-Mafiafilm nospille géif. Bei Mafia konnten d’Spiller fir déi éischte Kéier eng Gangstafantasie als Videospill erliewen.“

D’Spiller beweege sech duerch déi lieweg Stad Lost Heaven, maache Course-Poursuitten, ginn a well Schéissereie verwéckelt an erliewen dobäi eng Story, déi sech genee wéi e Mafia-Film ufillt. D’Story gouf am Remake bei wichtege Plaze sënnvoll ergänzt. D’Grafik-Gerüst dogéint ass komplett nei.

„ Dee gréisste Challenge ass dee richtege Mix tëscht „erhalen“ an „erneieren“. Hardcore-Gamer erwaarden, dass mir all Nuace vum Spill iwwerhuelen, nei Spiller, dass de Gameplay den heidegen Uspréch gerecht gëtt. Also hu mer d’Atmosphär an d’Story erhalen an alles anescht moderniséiert. Eng nei Generatioun u Spiller kann elo erliewen, wisou Mafia deemools esou besonnesch war.“

„Mafia: Definitive Edition“ ass eng komplett Neioplo vum Klassiker aus dem Joer 2002 an ass fir PC an all aktuell Konsol erauskomm.

Wann der elo Loscht kritt hutt selwer an d’Roll vun engem Mafia-Boss ze klammen, da maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt mat e bësse Chance d’Spill fir op de PC.