Wien huet et net a senger Jugend mol gekuckt, war eventuell richtege Fan oder kuckt et souguer haut nach reegelméisseg…

Zënter elo schonn 33 Joer gëtt et d’Videospill-Serie “Leisure Suit Larry”, eng Serie, déi definitive méi wéi eemol schonn d’Grenz vum gudde Goût iwwerschratt huet. De Haaptcharakter ass nach ëmmer den Anti-Held Larry mat sengem wäisse Kostüm, dee schonn an den 80er net méi „IN“ war an den Humor ass no 15 Deeler eent wéi d’anert Mol zimmlech grenzwäerteg… Ma genee dat ass et, wat “Leisure Suit Larry”-Serie ausmécht.

Leisure Suit Larry - Rep. David Winter

Text: Hie kann et einfach net loossen: De selwer-ernannte Fraenheld stierzt sech a „Leisure Suit Larry: Wet dreams dry twice“ nees an eng nei Aventure. D’Geschicht vum Spill fänkt dës Kéier ouni Broch do un, wou de viregten Deel opgehalen huet esou de Malte Schmidt vum däitschen Entwécklerstudio CrazyBunch.

„Unser erster Teil hört damit auf, dass die große Liebe von Larry, Faith, ausgeknockt wird und auf einmal verschollen ist. Und natürlich, so wie Larry ist, er jagt immer seiner großen Liebe weiter hinterher. Und jetzt begibt er sich auf den Weg, um sie halt wiederzufinden.“

Wéi ëmmer offréiert d’Spill eng ganz Partie Rätselen, déi zum Nodenken ureegen, an natierlech ginn et och nees eng ganz Partie Witzer, déi kloer méi kritesch wéi fréier sinn awer net um gewinnten Toun spueren.

„Ich glaube, die Figur, und auch das gesamte Spiel, muss ja eigentlich grenzwertig sein. Das gehört irgendwie dazu. Und der gesamte Humor und die Idee eigentlich des Spiels basiert ja darauf. Und wir haben alles für das Jahr 2020 angeglichen und aktualisiert thematisch, aber natürlich ist es immer noch ein waschechtes Larry-Spiel.“

D’Grafik an natierlech och alleguerten d’Figure goufen digital vun Hand gezeechent a gëtt dem Spill säi ganz eegene Charme. Mä ass d’Mënschheet iwwerhaapt bereet fir e weidert Larry-Spill.

„Ich glaube, die Menschheit ist nie bereit für einen Larry Laffer. Das war schon damals so, als die Originalspiele rausgekommen sind, das ist heute immer noch so – das ist ja auch irgendwie gut. Denn das macht den ganzen Reiz, den ganzen Charme des Spiels aus. Und für den Spieler natürlich sehr interessant, dass er diese Figur steuert, die irgendwie überhaupt nicht mit unserer Zeit klarkommt; und ja, das ist sehr lustig.“

„Leisure Suit Larry: Wet dreams dry twice“ ass fir PC a Mac erauskomm a kritt een zum Beispill op Steam.

Een sou e Spill fir Steam kënnt der bei eis gewannen, dat andeems der bei eisem Gewënnspill op RTL.lu an der Gaming-Rubrik matmaacht.