Nintendo Hard- a Software aktuell héich am Trend
Nintendo huet viru kuerzem hir Verkafszuelen vun hirer Hardware, wéi och vun hirer Software vum zweete Quartal am Geschäftsjoer 2020/2021 publizéiert.
Esou konnte sech d'"Nintendo Switch" an d'"Nintendo Switch Lite" am Zäitraum vun Abrëll bis September ganzer 12,53 Millioune Mol verkafen. Ganzer 6,85 Milliounen Unitéiten hunn sech dobäi tëscht Juli a September verkaaft. Am weltwäiten Iwwerbléck gesäit de Verkaf vum Nintendo-Flaggschëff wéi follegt aus:
Nintendo Switch-Famill (Abrëll 2020 bis September 2020):
Japan: 2,73 Milliounen Unitéiten (+ 54% am Verglach zum leschte Quartal)
Amerika: 4,46 Milliounen Unitéiten (+ 70%)
Europa: 3,31 Milliounen Unitéiten (+ 87%)
Rescht vun der Welt: 2,04 Milliounen Unitéiten (+168%)
Gesamt: 12,53 Milliounen Unitéiten (+ 81%)
Zënter dem Release vun der Nintendo Switch-Serie goufen domat ganzer 68,30 Milliounen Unitéiten verkaaft, soudass d’Verkeef gläich déi vun der Nintendo 3DS/2DS-Serie toppe wäerten. Dës leien iwwregens bei 75,94 Milliounen verkaaftenen Unitéiten.
Mä och d’Software vun Nintendo verkeeft sech weiderhi gutt. Am Zäitraum vun Abrëll bis September konnt Nintendo 100,25 Milliounen Software-Unitéiten un de Client bréngen. Déi regional Verdeelung gesäit dobäi wéi follegt aus:
Nintendo Switch-Software-Verkafszuelen
Japan: 17,78 Milliounen Unitéiten
Amerika: 45,59 Milliounen Unitéiten
Europa: 28,53 Milliounen Unitéiten
Rescht vun der Welt: 8,34 Milliounen Unitéiten
Insgesamt ginn et mëttlerweil 20 Spiller, déi sech zënter hirem Release méi wéi eng Milliounen mol konnte verkafen. Ganzer 15 dovu kommen aus den Entwécklerstudioe vun Nintendo.
Besonnesch iwwerraschend sinn dobäi d’Verkafszuele vu Super Mario 3D All-Stars. D’Spill konnt sech innerhalb vu 4 Woche ganzer 3,5 Milliounen mol verkafen.
Héi nach eng Kéier déi uewen ugeschwate Verkafszuele vun de 15 Nintendo-Spiller, déi sech méi wéi eng Milliounen mol verkafe konnten.
Nintendo Switch-Charts (Verkafszuele zënter Verëffentlechung vum jeeweilege Spill)
Mario Kart 8 Deluxe – 28,99 Milliounen Unitéiten
Animal Crossing: New Horizons – 26,04 Milliounen Unitéiten
Super Smash Bros. Ultimate – 21,10 Milliounen Unitéiten
The Legend of Zelda: Breath of the Wild – 19,74 Milliounen Unitéiten
Pokémon Sword / Pokémon Shield – 19,02 Milliounen Unitéiten
Super Mario Odyssey – 18,99 Milliounen Unitéiten
Pokémon Let's Go, Pikachu! / Pokémon: Let's Go, Evoli! – 12,49 Milliounen Unitéiten
Super Mario Party – 12,10 Milliounen Unitéiten
Splatoon 2 – 11,27 Milliounen Unitéiten
New Super Mario Bros. U Deluxe – 8,32 Milliounen Unitéiten
Luigi’s Mansion 3 – 7,83 Milliounen Unitéiten
Ring Fit Adventure – 5,84 Milliounen Unitéiten
Super Mario 3D All-Stars – 5,21 Milliounen Unitéiten
Paper Mario: The Origami King – 2,82 Milliounen Unitéiten
51 Worldwide Games – 1,81 Milliounen Unitéiten