Zwee Deeg no der neier Xbox ass dann elo och déi nei Playstation um Maart an domadder ass déi decisiv Phas an der Lutte ëm d'Keefer lancéiert.

Microsoft huet seng Xbox en Dënschdeg weltwäit lancéiert, Sony dogéint huet d'Playstation als éischt an Australien, Neiséiland, Japan Südkorea, USA, Kanada a Mexiko op de Maart bruecht, éier all déi aner Länner eréischt an enger Woch d'Playstation kënnen testen.

Fir en Undrang an der Pandemie z'evitéieren, hat Sony annoncéiert, datt een d'Playstation um éischten Dag vum Verkaf just online ka kafen an dat keng Geräter an d'Geschäfter kommen. Online war d'PS5 esou séier, wéi nach keng Konsol virdrun, vergraff. Jiddereen, dee bis elo keng kritt huet, muss wuel domadder rechnen, datt et virum neie Joer schwéier ka ginn, esou Experten.

Sony an och Microsoft hunn bei hirer neier Konsol direkt op 2 Modeller gesat: Et gëtt d'Premiumversioun vu béide Konsolen, fir déi een 499 Dollar bezuele muss, an dann eng light Versioun, déi bei der Xbox 299 Dollar a bei Playstation 399 Dollar kascht. Mat de light Versioune kann een a béide Fäll awer just Spiller spillen, déi ee erofluet, well béid Geräter kee Lafwierk hunn.

Vendeuren an engem Geschäft zu Seoul testen d'Xbox Series X. / © AFP

Fir de Verkaf unzekuebelen gehéieren natierlech och Spiller dozou. D'Japaner setzen dobäi op "Spider-man: Miles Morales", "Ratchet & Clank: Rift Apart" oder "Horizon: Forbidden West", déi exklusiv fir d'Playstation erauskommen. Sony wëll domadder un der Succès vun der Playstation 4 uknäppen, déi sech bal duebel esou gutt verkaf huet, wéi d'Xbox One.

Ma an de leschte Joren ass et méi roueg ginn, d'Neioplag, PS4, ass net esougutt ukomm, just 8 Prozent vun deem, wat erwaart gouf, gouf och verkaf. Dominéiert hat an deene Joren Nintendo de Verkaf vu Konsolen.

Mat der Playstation 5 soll dat sech nees änneren an et erwaart ee sech bei Sony och, datt déi um US-Marché nach besser wäert aschloen, wéi hire Virgänger. Dëst war den eenzege Marché, wou ee Microsoft net komplett konnt ofhänken.

Analyste ginn dovunner aus, datt een och dëst d'Kéier Microsoft wäert ofhänken. Ma d'Amerikaner kéinten awer mat hirer Strategie, méi op Abonnementer a Streaming ze setzen, am Laf vun de Jore lues a lues ophuelen.

[comments