Jo! Zumindest wann een enger rezenter Etüd vun der Oxforder Universitéit Glawe schenken dierf...

An dëser Etüd hunn d’Fuerscher rausfonnt, dass Leit, déi dacks a laang virun der Konsol oder dem PC sëtzen, méi glécklech sinn, wéi Leit, déi guer net oder nëmme ganz wéineg spillen.

Am Ufank ass d’Ekipp vun de Fuerscher vum Oxford Internet Institute méi skeptesch un déi Thees erugaangen a wollten esouguer, esou de Prof. Andrew Przybylski, de Leeder vun der Etüd, déi uewen ugeschwaten Thees widderleeën. Allerdéngs ass d’Etüd aneschters verlaf, wéi se ufanks geduecht haten.

D’Etüd baséiert op der Auswäertung vun anonymiséierten Daten an Ëmfro-Resultater, déi si vun de „Zocker“ gesammelt hunn. Fir hir Etüd en bëssen anzegrenzen huet sech d’Ekipp vun de Fuerscher just op zwee Spiller fokusséiert. Op der enger Säit hunn se sech d’Spill Animal Crossing: New Horizons vun Nintendo ugekuckt an op der anerer Säit hunn se sech d’ Entwécklung vum Wuelbefanne vun de Gamer vum Spill Plants vs Zombies: Battle for Neighborville vun EA ugekuckt. Dobäi kruten se vu béide Publishere gesot wéi laang d’Persounen am Duerchschnëtt hir Spiller géife spillen. Insgesamt hunn esou 3274 Persoune bei dëser Etüd deelgeholl.

En Gros hunn d’Fuerscher erausfonnt, dass vill Stonnen un Spillzäit sech positiv op d’Wuel- an op d’Glécksbefanne vun de Leit auswierke géifen. Dozou huet de Prof. Przybylski Folgendes gesot: "If you play Animal Crossing for four hours a day, every single day, you're likely to say you feel significantly happier than someone who doesn't,…". Allerdéngs stellt hien och gläichzäiteg kloer: "That doesn't mean Animal Crossing by itself makes you happy."

Weiderhi konnten se feststellen, dass wann ee Videospiller spillt fir d’Onzefriddenheet an anere Beräicher vum Liewen ze kompenséieren, sech eng contraire Entwécklung vum Wuelbefanne feststelle léisst. Fir dat awer empiresch gefestegt behaapten ze kennen, esou bräicht een, esou de Prof. Przybylski, nach weider Donnéeë vun den Entwéckler, wéi och vun de Gamer un sech.