Wéi eng Persounen a wéi eng Sujeten hunn d’Mënschen am Joer 2020 bei Twitter am meeschte beweegt?

Twitter-Däitschland liwwert an hirem Joresréckbléck déi passend Äntwerten. Dobäi goufen interessant Informatioune fir d’Videospill-Industrie publik gemaach.

Fir d’éischt kucke mer ons d’Top 10 vun den däitsche Marken-Accounts un. Ganzer sechs Accounts hunn heibäi direkt ,bezéiungsweis indirekt eppes mam Gaming-Beräich ze dinn.

Beim Bléck op d’Accounts, déi am Joer 2020 am meeschte Follower konnte gewannen, zeechent sech folgend Bild of:

© Twitter

Ënnert dësen zéng Personnagë fannen sech ganzer zwee am Gaming/Streaming-Beräich erëm, notamment den "Unge" an de "Papaplatte".

Bei den Top 10 Twitter-Hashtage an Däitschland kann sech allerdéngs een Hiersteller vu Videospiller besonnesch ervirdoen. Riets ass vun der japanescher Entreprise Nintendo, déi et esouwuel mat hirer Hardware, wéi och mat hirer Software an des Top-10-Lëscht gepackt hunn.

© Twitter

Gemengt sinn hei natirlech d’Hashtage #nintendoswitch an #animalcrossing.

Et fält op dass d’Twittertrends besonnesch duerch schlecht Nouvellë gepräägt waren, wéi ënner anerem der Flüchtlingskris, der Corona-Pandemie oder vun Attentater, wéi beispillsweis Hanau. Dëst fält och op beim Zouwuess vun Abonnenten.

D’Virologen an d’Politiker konnten an dëser Hisiicht esouguer vun der Kris profitéieren a méi Abonnenten op hire Profiller generéieren. De Fait, dass och Videospiller a Jugend-Beweegungen an deene Lëschten opdauchen, léisst d’Twitter-Trends allerdéngs net vollkommen an der Negativitéit versenken a beweist, wéi ee wichtegen Impakt d’Videospiller op ons d’Alldagsliewen hunn.