
© Facebook / Cyberpunk 2077
Och wann et bei verschiddene Versioune vum Spill Problemer ginn, huet d'Spill deels Verkafsrekorder gebrach.
Cyberpunk 2077 huet Profit generéiert, iert d'Spill iwwerhaapt am Geschäft erauskomm ass. Am Finanz-Rapport vum polneschen Entwécklerstudio CD Projekt Red ass ze liesen, dass d'Spill alleguerten d'Entwécklungs- a Marketing-Käschte gedeckt.
Maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt 1x Cyberpunk 2077 fir PC! Matmaache kënnt der nach bis den 31. Dezember.
Zënter iwwer 8 Joer ass d'Spill jo an der Entwécklung gewiescht, ma an Zukunft stinn nach weider Erweiderungen, DLCen an e Multiplayer-Deel um Programm. Wéini dës Saachen allerdéngs gepublished ginn, ass nach onkloer. Cyberpunkt gouf am Mee 2012 ugekënnegt, d'Entwécklerkäschte strecken sech dohier iwwert 8 Joer.
Am Ganze goufen 8 Millioune Spiller am virbestallt, ronn 74% vun dëse Bestellunge waren digital.
Kritik gouf et an der Vergaangenheet jo wéinst de schwaache Leeschtungen op de PS4- an Xbox One-Konsolen. Deels verständlech, well d'Spill extrem grouss ass a vill Leeschtung brauch, fir propper ze lafen. Um PC, PS5 an Xbox One X leeft Spill dogéint exzellent.