Den Entwéckler no handelt et sech bei DwarfHeim em déi nächst Generatioun vu Koop-Real-Time Strategy (RTS) Spiller.

Am Endeffekt ass et eng Mëschung aus Strategie- a "Städtebau"-Spill. Bis zu 3 Spiller kënnen zesummen eng Zwerge-Stad opbauen, verwalten an awer och géint Trollen, bezéiungsweis aner Zwerge-Clane verdeedegen. Allerdéngs léisst sech d'Spill och ouni gréisser Problemer eleng spillen.

Fir dass d'Stad erbléien an zu enger grousser Nummer an der Zwergen-Welt avancéiere kann, gëllt et Aufgaben z'erfëllen. Genee gesot ginn et 3 Aufgaben, déi et z'erleedege gëtt. Dës Aufgabe gi vun ënnerschiddleche Klassen; de Mineuren, Kämpfer a Baumeeschter, ugegraff. Eng perfekt Symbios vun deenen 3 Klassen ass dobäi zwéngend noutwendeg, fir e gesond Opwuesse vun der Stad.

Wien dat ze hektesch fënnt, kann allerdéngs och de Sandbox-Modus spillen. An dësem leeft alles vill méi entspaant of an et huet ee méi Zäit, fir sech un d'Spillmechanik ze gewinnen an och fir d'Welt z'entdecken. An dësem Modus ginn d'Aufgabe kloer op d'Schwéierpunkte Bauen a Verwalte geluecht.

Wien allerdéngs op Action aus ass, dee fënnt säi Gléck am Spillmodus "Scharmützel". Wéi den Numm et schonn undéit, gëtt de Fokus an dësem Modus op de Kampf geluecht. Et gëllt déi aner Clanen auszeschalten an sech selwer an seng Stad an der Welt vun DwarfHeim ze manifestéieren.

DwarfHeim kombinéiert also verschiddenen Elementer aus anere Spiller, wéi beispillsweis Warcraft 3, Age of Empire 2 oder och Northgard, bleift dobäi trotzdeem eenzegaarteg.

Frëndlecherweis huet ons den Entwécklerstudio Pineleaf Studio en Download-Code fir d'Spill op Steam zur Verfügung gestallt, dee mir elo ënnert Iech verlousen dierfen.

Dofir musst Dir just beim Quiz matmaachen a mat en bësse Chance, hutt dir DwarfHeim geschwënn och an är Steam-Bibliothéik. Matmaache kënnt der nach bis den 31. Dezember.