Den Event ass vun e Freideg 18. Dezember 16.30 Auer un, bis e Sonndeg 19. Dezember, dat eben dëst Joer wéinst der Kris an enger Online-Editioun.

Déi gréisste Lëtzebuerger Gaming-Foire, d'Luxembourg Gaming Xperience, muss sech och der sanitärer Pandemie upassen a wäert dohier dëst Joer eng digital Editioun ubidden.

Gestreamed gëtt op Facebook, Twitch a Youtube, sou wéi och um offizielle Site vun der LGX, wou een dann och genee Infoen iwwert de Programm an den Oflaf fënnt.

© LGX Online

3 Deeg laang wäert de Visiteuren hei nees alles ronderëm de Gaming, den Anime, de Cosplay a weideren Themen aus der Pop-Kultur ugebuede ginn, dat eben a Form vun engem Livestream op de grousse Plattformen, dorënner natierlech Twitch. Heizou gehéieren Tournoien, Quizzen, Interviewen, Concerten an och d'LGX-Awards.

Als Highlight wäert de Game of Trones-Acteur Jerome Flynn present sinn op der LGX Online.

Bis e Sonndeg gëtt d'LGX Online op all de bekannte Plattforme gestreamed.