2020 war op mannst aus der Sicht vun der Videospill-Industrie kee schlecht Joer. D'Gamer goufen dëst Joer vun villen exquisitte Videospill-Titele verwinnt.

Sief et vu Cyberpunk 77,  iwwer Animal Crossing New Horizons, The Last of Us 2, Assassin's Creed Valhalla bis hin zu Spongebob Battle for Bikini Bottom Rehydrated... Dës Lëscht kéint vermuttlech nach ganz laang weidergezu ginn. Net ze vergiesse sinn dobäi de Release vun den Next-Gen Konsole Playstation 5 an der Xbox Series X. Mä wéi eng Videospill-Highlighten erwaarden eis dann am Joer 2021?

Am Januar fänkt Joer direkt gutt u mam Spill Hitman 3. Hitman 3 wäert viraussiichtlech den 20. Januar 2021 an de Butteker ze fanne sinn an ass den 8. Deel vun der beléifter Serie, déi sech ëm dem Agent 47 a seng Aventuren dréint. D'Spill wäert dobäi fir all gängeg Konsol an den Handel kommen.

Am Februar erwaarden eis mat Far Cry 6 a mat Super Mario 3D World + Bowser’s Fury gläich zwee Highlighten, woubäi et sech beim leschtgenannte Spill ëm e Remake handelt, dat awer mat dem Bowser's Fury en neie Spillmodus spendéiert kritt.

Am Mäerz schléit dann déi grouss Stonn fir all Fan vun der Videospill-Serie Monster Hunter. De 26. Mäerz 2021 wäert Monster Hunter Rise exklusiv fir d'Nintendo Switch op de Marché kommen.

Mä domat net genuch, erwaarden eis nach vill aner Spiller, vun deene mir allerdéngs den Ament nach kee geneeë Release-Datum wëssen. Dorënner sinn ënner anerem Titele wéi Bayonetta 3, The Elder Scrolls 6, Gotham Knight, Halo Infinite, Metroid Prime 4, Resident Evil Village oder The Lord of the Rings: Gollum ze nennen.

Dir gesitt, och dës Lëscht ass laang a gefëllt mat Triple-A Titelen. Et dierf ee gespaant sinn, wat d'Publisher an d'Entwéckler-Studioen nach bereet halen, mä am aktuelle Line-Up fir 2021 wäert bestëmmt elo schonns fir all Zocker eppes Passendes dobäi sinn.

An dësem Sënn genéisst de Rescht vum Joer 2020 a loosst Iech vum Videospill-Joer 2021 iwwerraschen.