D’Buch Animal Farm vum George Orwell dierft wuel ville Leit en Begrëff sinn...

En Gros handelt et sech beim Wierk, dat am Joer 1945 eraus komm ass, ëm eng dystopesch Fabel. De Contenu dréint sech ëm e puer Schwäin, déi op hirem Bauerenhaff an England eng Revolutioun lancéiere wëllen. Domat stellen se sech géint hir mënschlech Besëtzer, déi se, hiren Angaben no, géife vernoléissegen an ausbeuten.

No ufänglecher Reussite a steigendem Zousproch, an domat och verbonnen, dem steigende Wuelstand, iwwerhuelen d’Schwäin no an no ëmmer méi de Pouvoir an instruéieren eng Gewaltherrschaft, déi schlëmmer a méi grausam ass, wéi déi, déi d'Déieren ursprénglech ad Acta lee wollten. Opgrond vun dëser Story gëtt de Roman oft als Parabel vun der Geschicht vun der eemoleger Sowjetunioun bezeechent a soll symbolesch fir d’Entwécklung vum Land no der Februar-Revolutioun bis hin zum Stalinismus stoen.

Ee vun den Entwéckler, den Imre Jele gebuer an opgewuess an Ungarn, engem Land ëstlech vum deemolegen "Eisernen Vorhang" seet Folgendes zum Buch: „Animal Farm was one of my favourite books. I didn’t realise it, but it was an illicit publication because the regime did not allow the novel, alongside many other Western texts, to be published. Yet George Orwell’s words spoke to me. Somehow I felt his fantastical tale of talking animals on Manor Farm reflected life under an authoritarian regime.“

An aus dëser Faszinatioun sinn en puer Joerzéngte méi spéit e Spill iwwert genee dee Sujet entstanen, d‘„Orwell’s Animal Farm“. D'Zil vum Spill ass et dem Spiller genee dës Wäerter aus dem Buch un d’Häerz ze leeën. De Spiller soll sech an déi eenzel Déieren eraversetze kënnen an esou vag Begrëffer, wéi Korruptioun, Heuchlerei, Gier a Verblendung ze spiere kréien an domat verschidden Entscheedungen novollzéie kënnen. Quasi eng Videospill-Adaptatioun vum Buch.

De Spiller erlieft am Spill eng dynamesch Story, déi vum Spiller sengen Entscheedungen ofhänkt (Butterfly-Effekt). Dobäi léiert en d’Valeure vun Empathie, Ethik a Moral op eng spilleresch Aart a Wéis néi kennen. Mä och de strategeschen Aspekt gëtt am Spill net ausser Uecht gelooss. Esou gelt et säi Bauerenhaff géint de mënschleche Feind ze verdeedegen an ze schützen. Opgrond vun dëser grousser Diversitéit un méiglechen Zenarie ginn et am Spill och verschiddenen Endings.

Wann dir an de Genoss vun dësem thematesch interessante Spill komme wëllt, da beäntwert eis einfach dës Fro, a gewannt mat en bëssen Chance een Download-Code vum Spill, oder kaaft Iech d’Spill fir 9,99€ op Steam.