Déi nei Konsol leeft op Intel-Basis, huet eng Asus-Grafikkaart an hält mat engem spezielle Mechanismus Poulet vu KFC waarm.

D'Fastfood-Chaîne KFC huet zesumme mat Cooler Master eng Spillkonsol gebaut, déi wéi e klassesche KFC-Eemer geformt ass an eng agebaute Funktioun huet fir Pouletsstrempele waarm ze halen. Wéi d'Konsol am Summer 2020 virgestallt gouf, si vill Leit vun engem Fake ausgaangen. Ma d'Konsol soll erauskommen, warscheinlech als limitéiert Oplag.

D'Konsol soll an der Lag sinn, fir 4K-Spiller bei 240 fps duerzestellen, och Raytracing soll ënnerstëtzt ginn. Dobäi kommen nach 2 Seagate-Barracuda-SSDen mat all Kéiers 1 TByte. Och eng VR-Funktioun huet de Konsolen-Eemer.


E Präis steet nach net fest, och nach net wou a wéini et de Produit ze lafe gëtt.