An engem offizielle Communiqué huet Nintendo dann och eng limitéiert Switch-Versioun annoncéiert.

Och am Joer 2021 feiert Nintendo weiderhin de Gebuertsdag vun hirem wuel bekanntste Gesiicht, dem Super Mario. Dofir kritt Super Mario 3D World en Remake spendéiert an, domat net genuch, och nach en néie Spillmodus implementéiert. Dëse lauschtert op den Numm "Bowser's Fury" a kënnt den 12. Februar an den Handel.

E Mëttwoch huet Nintendo allerdéngs ugekënnegt, datt et net nëmmen dobäi bleiwe wäert. Nieft dem Verëffentleche vum finale Cover vum Spill Super Mario 3D World + Bowser's Fury, huet Nintendo och bekannt ginn, dat se nieft dem Spill, och nach eng limitéiert Nintendo Switch op de Marché brénge wäerten. Dës ass, passend zum Mario sengem Gebuertsdag, a senge Faarwe gehalen, also blo a rout. Leit, déi sech des Versioun vun der Nintendo Switch net entgoe wëlle loossen, sollen allerdéngs virgewarnt sinn. Normalerweis si limitéiert Editioune vun der Nintendo Switch bannent Deeg ausverkaaft.

An engem offizielle Communiqué huet Nintendo hir néi Switch wéi follegt beschriwwen: „Passend zum Spiel kündigt Nintendo zudem eine spezielle Nintendo Switch-Edition an: Die Nintendo Switch Mario-Edition (rot & blau) erinnert farblich an Marios berühmtes Outfit und wird ebenfalls ab 12. Februar erhältlich sein. Diese spezielle Version enthält zwei rote Joy-Con-Controller mit blauen Handgelenksschlaufen und eine rote Nintendo Switch-Station. Auch die Nintendo Switch-Konsole ist rot gehalten – und ist damit erstmals in einer anderen Farbe erhältlich. Die ebenfalls enthaltene rot-blaue Tasche und eine Schutzfolie sorgen zudem für einen sicheren Transport, wo auch immer die Spieler*innen ins Abenteuer springen möchten.“