Am Corona-Joer ware sougenannten In-Game-Concerten op alle Fall voll am Trend.

Ënnert anerem dem Travis Scott säin Optrëtt bei Fortnite huet gewisen, a wéi eng Richtung et musikalesch kéint an Zukunft goen. D'Corona-Joer war quasi wéi fir virtuell Concerte gemaach an huet speziell a Spiller e gewëssent Gemeinschaftsgefill ervirgeruff.

Spiller ass et nämlech net nëmme méiglech, beim Optrëtt virtuell dobäi ze sinn, ma et kann een och mat sengem Avatar ëm de Rapper ronderëmsprangen, sou dass wierklech eng gewësse Stëmmung opkënnt, déi dat ganzt méi interaktiv dann och mécht.

Hannendru stécht natierlech e lukrative Geschäftsmodell: De Kënschtler deen am Spill optrëtt, erreecht domadder seng Fan-Community, déi sech d'Spill dann eroflueden. Niewebäi schwätzen d'Kënschtler och d'Gamer un... Den Travis Scott soll dat Ganzt och net fir näischt gemaach hunn, mä krut anscheinend 20 Milliounen Dollar, fir 10 Minutte Concert. Gamer kënne sech souguer Merch-Artikelen online kafen an hire Charakter domadder bekleeden. 28 Millioune Gamer huet de Scott säi Fortnite-Concerte materlieft. Dat entsprécht ongeféier 140 Konzerten a Stadien am richtege Liewen. Epic Game huet dann och ugefaangen, In-Game-Concerten auszebauen. Och Sony Music soll scho mat eegene Projeten un esou Erliefnisser schaffen.

Nei ass dës Iddi iwwregens net, am Joer 2001 ass schonn d'Band In Extremo am däitsche Computerspill "Gothik" opgetrueden. Ënnert anerem huet och de Rapper Lil Nas X scho bei In Game-Optrëtter matgemaach.