Entwéckelt gouf dëst Spill vum Jérôme Lulling vu Bonjour.lu an huet sech zu groussen Deeler u klassesche Retro-Spiller inspiréiert.

An 10 Levele muss ee sech op d'Sich no grammatikalesche Feeler maachen an dës ofschéissen. An den 2 leschte Levelen, komme souguer och nach orthografesch Feeler dobäi, déi een entdecken an eliminéiere muss.

Domadder awer net genuch: d'Schëss sinn op 10 Lasere limitéiert. Bommen, déi op een duer fléien, dierfen een net beréieren a kënnen, respektiv mussen also och ofgeschoss ginn. Niewent sproochleche Kenntnisser, ass also och e wéineg Taktik a Strategie gefrot.

Inspiréiert huet de Jérôme Lulling sech u Videospill-Klassiker wéi "Space Invaders", "Beach Head", "Maniax" oder "Bomb Jack".

D'Spill gouf zesumme mat "GDevelop" mat Hëllef vun engem Open Source- Programm fir Videospiller entwéckelt.

"Schéiss op de Feeler" ass e gratis online Spill, dat zu all Moment ka gezockt ginn. D'Spill leeft och op engem Smartphone oder op engem Tablet, ma adaptéiert ass d'Spill awer virun allem fir gréisser Ecranen.

Méi Informatiounen a Videoen an natierlech de Link fir d'Spill ze zocken, gëtt et op: www.Bonjour.lu.

Hei d'Beschreiwung um Site

Schéiss op de Feeler !
ass e Grammar-Shooter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Uewe riets si 4 Këschten.
An der Këscht "Level" gesäit een a wat fir engem Level ee grad ass.
Am ganze ginn et 10 Levelen. Elo si mer am Level "Trainer" fir ze trainéieren

An der Këscht "Jérôme Lulling" steet den Numm vum Auteur vum Spill.

An der Këscht Feeler gesäit een op wéi vill Feeler ee muss schéissen.
Vu Level1 bis Level 5 sinn et ëmmer 5 Feeler.
Am Level6 sinn et 6 Feel, am Level7 sinn et 7 Feeler asw.

An der Këscht Laser gesäit ee wéi vill Munitioun een nach huet.
Wann ee keng Munitioun fir de Laser méi huet, da kënnt eng Reklamm.

Uewe lénks sinn 2 Bommen. Op déi kann ee schéissen.
Wann eng Bomm de Männchen ënnen an der Mëtt beréiert, da kënnt eng Reklamm.

An der Mëtt steet "deng Hond". Dat ass e Feeler.
Wann een op e Feeler schéisst, dann explodéiert de Feeler a verschwënnt.

Riets an der Mëtt steet "en Auto". Dat ass kee Feeler.
Wann een drop schéisst, da bleift d'Wuert stoen an et kënnt e klengt Freedefeier.

Ënnen an der Mëtt ass ee klenge Männchen, deen ee mat der Maus beweege kann.
Mam lénkse Mausknäppche kann ee mat engem Laser schéissen.

Wann een ënne lénks op d'Këscht "Menu" schéisst, da kënnt een hannescht an de Menu vum Spill.
Wann een ënne riets op d'Këscht "Start level 1" schéisst, da kënnt een an de Level Nummer 1.

Fir e Level ze léisen, kritt een 120 Sekonnen Zäit.

Méi Infoen iwwer "Schéiss op de Feeler " fënnt een op der Internetsäit Bonjour.lu