"Moto Trainer" ass déi weltwäit féierend Entreprise, wann et drëms geet, Motorrad-Simulatoren op de Marché ze bréngen.

"Moto Trainer" huet an enger Kollaboratioun mat "Dorna" ugekënnegt, ee Motorrad-Simulator ze entwéckelen, an deem ee mat sengem eegene Motorrad all MotoGP-Streck nofuere kann.

Säit 2018 schafft d'Ekripp vu "Moto Trainer" an hirer Haaptzentral zu Mailand un hire Projeten. An hire Simulatore kann een all Zort vu Motorrieder benotzen an se bis zu 50 Grad "kippen" an domat een Hauch vu richtegem Motorrad-Sport erliewen. Iwwert déi zwee Joer hunn se sech zu enger fester Gréisst an dësem Business gemausert an hir Simulatoren och präislech fir jiddereen abordabel gemaach.

"Dorna Sports" ass eng international Sport-Management-, Marketing- a Medien-Entreprise, déi am Joer 1988 gegrënnt gouf. Dobäi hunn se iwwer d'Jore Büroen an de Stied Barcelona, Roum, Amsterdam an Tokio opgemaach. Hir Haaptzentral läit dobäi awer zu Madrid. Dorna Sports ass iwwerdeems säit 1992 den exklusive Rechte-Inhaber vun der "FIM Road Racing World Championship Grand Prix MotoGP"-Franchise.

Béid Entreprisen hu sech elo zesummegedoen, fir eppes ze kreéieren, wat an där Form bis elo nach net um Marché war. Ee Simulator, op deen ee mat sengem eegene Moto Zougrëff huet a mat deem een an d'Fousstapfe vun den Idoler Valentino Rossi, Marc Marquez oder Stefan Bradl trëppele kann. Dobäi soll de Simulator direkt mam Moto GP Spill verbonne kënne ginn an och als Trainingsmethod fir d'Profien an den Asaz kommen.

Den Andrea Lombardi, CEO vu Moto Trainer seet zum Simulator: “The software behind Moto Trainer, developed by our engineers, is capable of playing any onboard video, and allows riders to save their efforts on a telemetry master track. This means that you can load any circuit and motorbike you want, with riders replicating the video to the reference telemetry. The software then analyses the rider's performance by monitoring the accelerator, front and rear brakes, gearbox and trajectories. It’s a platform that allows bikers to train on every circuit in the world at an affordable price.”

Iwwerdeems äussert sech de Pau Serrancanta vun Dorna Sports follgendermoossen zum Simulator: “I’m delighted to be able to announce this agreement, adding yet another way in which fans are able to connect with and enjoy their favourite sport. In addition, the fact that it can also be used alongside the MotoGP™ videogame proves another bolster to Dorna’s eSports project, which continues to go from strength to strength.”