Op der Foto gesäit et ganz dono aus, wéi wann e Kand déi fusch-nei Konsol vu Sony fir eng Mol-Tafel gehalen huet. Online gëtt sech gutt driwwer amuséiert.

Wat genee geschitt ass, ass net kloer, ma duerch d'Foto, déi op Reddit opgedaucht ass, kritt een awer eng eventuell Anung wat hei kéint geschitt sinn. Gepost gouf d'Foto iwwregens fir déi éischte Kéier a China, wat eventuell op d'Originn vun der Foto schléisse kéint.

Ze gesinn ass eng Playstation 5, déi bemoolt gouf mat Wuessstëfter. Männercher, kleng léif Monsteren an sou weider, dat an alle Faarwen... Souguer un déi typesch Zeeche vun der Sony Playstation huet de jonken Artist a säi Konschtwierk mat afléisse gelooss. An sech gesäit dat Ganzt dach guer net mol sou schlecht aus, obwuel de Besëtzer wuel dach léiwer d'Zeechnung op engem Blat Pabeier gehat hätt.

Wat ëmmer ka sinn, ass natierlech, dass d'Konsol bewosst bemoolt gouf oder dass et e Fake ass, op alle Fall gëtt online vill driwwer diskutéiert. Gréisstendeels ass d'Reaktioun awer positiv an d'Motiv schéngt ze gefalen.