D'Agence SuperData huet sech am vergaangene Mount de Videospillmarché en bësse méi genee ugekuckt an dobäi interessant Informatiounen erausfonnt.

Esou hat Cyberpunk 2077 dee beschte Launch-Verkaf vun engem Videospill, deen et jee gouf. Dës géif sech eleng un den digitale Verkeef vum Spill ausmaache loossen. Ganzer 10,2 Millioune mol soll d'Spill dobäi um Release verkaaft gi sinn.

Doriwwer eraus sollen d'Entwéckler vum Spill Fortnite am Mount Dezember esou vill Ëmsaz wéi nach ni mam Spill gemaach hunn. Des soll virun allem am Zesummenhang mat den DLCe vu Marvel, Halo, Star Wars an The Walking Dead stoen.

Mä och d'Entwéckler vum Spill Among Us kënne sech freeën: D'Spill, dat Mëtt Dezember an den E-Shop koum, konnt sech innerhalb vun engem hallwe Mount 3,2 Millioune mol verkafen. Domat war den Dezember den Ëmsaz-stäerkste Mount fir d'Entwéckler vum Spill. Doriwwer eraus war Among Us dat meeschtgespillten Online-Spill am Dezember an hat ongeféier 2,8 mol méi Spiller, wéi Roblox, wuelgemierkt dat zweete Spill op der Lëscht.