Rift Entertainment, dat si 7 Leit, déi sech en Dram erfëlle wëllen an domat, onmëttelbar, den E-Sport versichen zu Lëtzebuerg ze promouvéieren.

Fir déi meeschte Persounen dierft de Grupp "Rift Entertainment" nach en onbeschriwwent Blat sinn. Allerdéngs sinn se schonns zënter méi wéi zwee Joer am Lëtzebuerger E-Sport-Business ze fannen. Do waren se bis dëse Samschden ënnert dem Numm Luxembourg Rift Tournaments ënnerwee an hunn u sëllege Projete matgeschafft. Dorënner ware wuelbekannten Evenementer wéi d’LGX, d’LGX Online oder awer och d’Post eSports League. Doriwwer eraus huet de Grupp wärend 2 Joer, eng eege Liga am Spill League of Legends gefouert an dës och reegelméisseg gestreamt.

Mat dëser gewonnener Erfarung verfollegen se elo eng Rei un Ziler. Mat Rift Entertainment wëllen se net nëmmen hir Positioun als gréisste Broadcaster vun E-Sport zu Lëtzebuerg ausbauen, mä och Projeten, déi iwwert d’Lëtzebuerger Grenzen erausginn an Ugrëff huelen. En plus envisagéieren se e reegelrecht Netzwierk opzebauen an als Agence fir Content Creator am Beräich Gaming an E-Sport ze fungéieren. Dobäi wëllen se aktiv no Talenter sichen, déi se duerch hir Coaching-Servicer fërdere wëllen, esou wéi se och op divers Problemer (Copyright, DMCA,…) opmierksam maachen.

Den Daniel Schmit, ee vun de Matbegrënner vu Rift Entertainment, gesäit e risegt Potential an hirer Iddi, dës opgrond vu ville Facteuren, déi den E-Sport zu Lëtzebuerg interessant gemaach hunn: "Den E-Sport Marché hei am Land ass staark um wuessen, mat ëmmer méi professionellen Ekippen, mat méi Eventer an ëmmer méi Competitiounen. Wat bis dato nach gefeelt huet, war eng Agence, déi sech dorëms gekëmmert huet, dës Competitiounen zouverlässeg bei d‘Fans ze bréngen, dat Lach am Ekosystem wëlle mir an Zukunft fëllen."

Wann Dir elo interesséiert sidd um Projet oder esouguer en Deel dovunner wëllt ginn, da kënnt Dir de Grupp elo op hirer Facebook-Säit oder op hirer Internet-Säit followen, bezéiungsweis se uschreiwen a Member ginn.