De 17. Februar war et nees erëm esou wäit, Nintendo hat no enger 530-Deeg-laanger Abstinenz vun Nintendo Directs, endlech erëm e Livestream ofgehalen.

An dëser 50-Minutte-laanger Präsentatioun goufen eng helle Wull un Titelen, DLCen an E-Shop-Spiller ugekënnegt. Hei fannt Dir en kuerze Resuméë vun der Präsentatioun vum 17. Februar 2021.

Fänke mer direkt mam Highlight vun der Direct un, nämlech mat Splatoon 3. An engem Trailer huet Nintendo ugekënnegt, datt d’Spill 2022 erauskomme wäert an datt se op d’Wënsch vun der Community agaange sinn an dofir néi Waffen an d’Spill implementéiert hunn, dorënner ënner anerem Feil a Bou.

Net manner interessant dierft d’Ukënnegung vum Spill The Legend of Zelda: Skyward Sword HD fir d'Switch gewiescht sinn. D’Fans vum Held am grénge Kostüm dierfen sech op de 16. Juli 2021 freeën. Op dësem Dag wäert d’Spill zesumme mat Joy-Cons am Skyward Sword Design op de Marché kommen.

Doriwwer eraus huet Nintendo ganz onerwaart Mario Golf: Super Rush annoncéiert. Dëst Spill soll schonn de 25. Juni 2021 op de Marché kommen a beinhalt nieft dem normale Golf-Modus, engem Storymodus an engem Online-Modus, och nach en komplett néie Modus, nämlech de Modus Speedgolf. Ausserdeem soll et d‘Bewegungssteuerung ënnerstëtzen, fir de richtege Golf-Feeling un de Mann, bezéiungsweis un d’Fra ze bréngen.

Mä och Smash-Fans sinn op hier Käschte komm. Nintendo huet annoncéiert, datt een neie Kämpfer an d'Charakter-Auswiel komme wäert. Bei dësem Kämpfer handelt et sech ëm en 2-in-1-Fighter, spréch ëm ee Kämpfer, deen an zwou Formen optrëtt. Pyra a Mythra aus dem Xenoblade Chronicles 2 Universum wäerten vu Mäerz 2021 un als DLC erhältlech sinn.

Ausserdeem gouf en Erweiderungspass fir Hyrule Warriors: Age of Calamity ugekënnegt. Dëse wäert an zwou Wellen op de Marché kommen. Déi éischt Well kënnt am Juni 2021, déi zweet an domat och néi Charakterepisoden am November 2021.

Hei nach weider wichteg Ukënnegungen, kuerz zesummegefaasst:

· World’s End Club kënnt den 28. Mee 2021 fir d’Nintendo Switch eraus.

· Plants vs. Zombies: Battle for Neighborville – Complete Edition kënnt den 19. Mäerz fir d’Nintendo Switch op de Marché.

· Dat beléiften Indie-Spill Hades, kritt eng Retail-Versioun spendéiert. De Release ass den 19. Mäerz.

· Am Summer erschéngt Fall Guys: Ultimate Knockout fir d’Nintendo Switch.

· Samurai Warriors 5 gouf fir d’Nintendo Switch ugekënnegt.

· De 24. Juni 2021 kënnt de Remake vu Legend of Mana an den Handel.

· Animal Crossing: New Horizons kritt en Super Mario Bros Update spendéiert. Dëse wäert ab dem 25. Februar downloadbar sinn.

· Square Enix schafft un engem néie Strategie-Spill mam Projet-Numm: Project Triangle Strategy a behaapt, dat et 2022 an de Geschäfter ze fanne wäert sinn.

· Ninja Gaiden: Master Collection kënnt den 10. Juni 2021 an den Handel fir d’Nintendo Switch.

· Star Wars: Hunters soll nach am Joer 2021 exklusiv fir d’Nintendo Switch a Mobile-Geräter erauskommen.

· Nintendo bréngt zwee Remaken zum Famicom Detective Club Franchise eraus. Des sollen de 14. Mee digital erauskommen.