Flügelschlag war d’"Kennerspiel des Jahres 2019" an en Gros dréint sech am Spill alles, wéi de Numm et verréit, ëm Villercher.

Spill: Wingspan Konsol: Nintendo Switch

Präis: 19,99€ (bis de 24.02.2021 15,99€)

Genre: Briet- a Strategiespill

Entwéckler: Monster Couch

Publisher: Monster Couch

Allgemeng Fakten

Beim Spill Wingspan handelt et sech ëm eng Videospill-Adaptatioun vum Brietspill Flügelschlag (am original op englesch "Wingspan"). Flügelschlag war dobäi d’"Kennerspiel des Jahres 2019" an en gros dréint sech am Spill alles ëm Villercher. D’Spiller selwer mutéieren zu Déiereschützer, déi de Villercher en waarmt Nascht an hire jeeweilege Reservater zur Verfügung stelle sollen.

RTL

© Press-Kit Wingspan

Wéi engem Villchen een allerdéngs en doheem bitt, soll een am beschten net unhand vun der Optik oder vum Ruff vum Villchen entscheeden, mä unhand vun de Punkte vum Villchen. Am ganze Spill ginn et 170 ënnerschiddlech Vullen, allerdéngs sollen duerch reegelméisseg Updates nach aner Villercher dozou kommen.

Gameplay

De Gameplay vun der Videospill-Adaptatioun entsprécht quasi 1zu1 deem vum Brietspill. All Spiller huet een Tableau op deem 3 Reservater agezeechent sinn (Bësch, Gras, Waasser). Doriwwer eraus kritt all Spiller fënnef Iess-Chips esou wéi 5 Villercher-Karten op d’Hand. Dann gëtt iwwer 4 Ronne gespillt an deem all Spiller jee no Astellung pro Ronn jee 5 oder 8 Aktiounen zu Verfügung huet. Dobäi ass et ganz egal op ee géint een anere Spiller spillt oder ob een dräi Géigespiller huet. Fir all Aktioun huet een de Choix tëscht 4 verschiddenen Alternativen:

1. Et placéiert een en Villchen an ee vun den 3 Reservater, dëst kascht allerdéngs Nahrung an et muss een op den Effekt vum jeeweilege Villchen oppassen. Et ginn natierlech och ënnerschiddlech Effekt-Kategorien. Ënnerscheed gëtt heibäi tëscht brongen, rosaen a wäissen Effekter.

2. Et besuergt een sech Nahrung.

3. Et leet een Eeër op seng Villercher.

4. Et besuergt een sech néi Villercher.

RTL

© Press-Kit Wingspan

Des Aktioune ginn allerdéngs net muttwëlleg gemaach. Et gëllt Punkten ze sammelen. Dës kritt ee fir d’Placéiere vu Villercher, fir gesammelt Iess-Chips, fir Eeër, déi op d’Villercher gesat goufen an, ganz wichteg, fir Bonus-Aufgaben, déi zoufälleg gezu ginn. No de 4 Ronne ginn all d‘Punkten zesummegezielt an de Gewënner gëtt ermëttelt. Domat spillt een d’Spill gewëssermoossen asymetresch géinteneen.

Grafik & Sound

D’Spill ass kee graphescht Meeschterwierk, woubäi et dat bei enger Ëmsetzung vun engem Brietspill och net muss sinn. D’Kaarte si léif designt, de Menü och an och soss ass alles zefriddestellend duergestallt. Et gëtt deementspriechend näischt ze kritiséieren. Sound-technesch mécht d’Spill och net vill falsch. D’Musek ass stëmmeg a passt gutt an d’Zeenerie. Positiv ass engem dobäi d’Vertounung vun den 170 Villercher opgefall.

RTL

© Press-Kit Wingspan

Steierung an Ëmsetzung

D’Ëmsetzung vum Spill ass gutt gelongen, sou datt d’Spiller vu Brietspiller keng Problemer wäerten hunn, sech mam Spill auserneenzesetzen. Fir alleguerten déi, déi nei dobäi sinn, gëtt et een Tutorial, deen och batter néideg ass, well ee soss d‘Schlappe verléiere géif. Och duerno ass d’Spill fir Quereinsteiger nach schwéier ze verstoen, mä mat der Zäit fuusst een sech lues awer sécher an d’Spill eran. Zousätzlech vereinfacht d’Videospill engem villes, well ee keng Zäit méi an den Opbau vum Brietspill stieche muss. Dat eenzegt wat ech perséinlech ni verënnerlecht hunn, ass d’Steierung. Mä dat ass der Oniwwersiichtlechkeet an der Komplexitéit vum Spill zouzeschreiwen. Den Online-Modus konnt ech leider net testen, well ech ni Matspiller fonnt hunn.

Bewäertung: 7,5/10

RTL

© Press-Kit Wingspan

Fazit

Beim éischten Uspillen huet d’Spill mech erdréckt, wéi et bei mir esou oft ass, wann ech e komplext (Briet-)Spill fir d’éischt Kéier spillen. Allerdéngs huet mech d’Atmosphär vum Spill dozou animéiert, mech dohannert ze sëtzen a mech an d’Spill eranzeschaffen. Zum Schluss hat ech wierklech vill Freed um Spill an ech hu mech e puer Stonnen drun gesat, fir néi Strategien auszeprobéieren. Allerdéngs verstinn ech Leit, déi soen, datt dat näischt fir se wier. Fir Fans vu Brietspiller en absolutte Muss, well et sech tatsächlech ëm eng gutt Adaptatioun handelt. Leit, déi net all ze vill mat esou engem Genre ufänke kënnen, sollte sech vläicht zweemol iwwerleeën, op se bei Wingspan zougräife sollen.