D'Spill "Miitopia" fir d'Nintendo Switch gëtt a Russland dofir als net-jugendfräi aklasséiert.

De 17. Februar huet Nintendo an hirer Direct de Remake vum Nintendo-3DS-Spill "Miitopia" ugekënnegt. E Spill, dat an onser Regioun wuel éischter Kanner, bezéiungsweis jonk eruwuessend Mënschen usprieche wäert, gouf elo allerdéngs a Russland als net-jugendfräi agestuuft.

Miitopia, e Spill an deem ee mat sengem eegene Mii nei Frëndschafte schléisse kann, mat Kolleege Monster bekämpfe kann, spréch een einfach Spaass kann hunn, gouf elo als 1. Nintendo-Spill iwwerhaapt als net-jugendfräi deklaréiert.

De Grond fir des drastesch Moossnam ass a Betruecht vun onser haiteger, u sech oppener, Gesellschaft erschreckend. Déi russesch Jugendschutzagence RARS huet op Grond vun der russescher Gesetzgebung géint d'„LGBT-Propaganda“ decidéiert, d’Spill réischt ab 18 fräizeginn. Dat well am Spill gläichgeschlechtlech Bezéiungen erlaabt sinn, wat jonke Kanner allerdéngs „net gutt doe géif“ an se „op eng falsch Bunn lenke kéint“. Des Moossnam ass virun allem iwwerraschend, well d’Spill mol keng russesch Iwwersetzung vun Nintendo spendéiert krut.

Leit, déi un Miitopia interesséiert sinn, brauchen sech allerdéngs keng Gedanken ze maachen. An Europa gëtt d’Spill ab 0 Joer fräiginn a ka vu jidderengem gespillt ginn!