D’Tina ass en 9-Joer-aalt Weesekand. Zesumme mam SAM-53, engem sympathesche Roboter, deen op si oppasst, lieft d’Meedchen zu Berlin, awer am Joer 2062.

Encodya - Reportage David Winter

Et gi Videospiller, do geet ëm héichopléisend Grafik, Vitess, Waffen oder spektakulär Course Poursuitten. An da ginn et awer Spiller, bei deenen et ëm eng gutt Story an interessant Charakteren, flott Plazen a mysteriéis Rätsele geet. A genee sou ee Spill ass „Encodya“ (En-Kodia), e sougenannte Point-and-Click-Adventure. De Spiller erlieft hei eng Geschicht vun engem Weesekand, dat an enger futuristescher Welt vun engem Roboter protegéiert gëtt. Den David Winter huet sech d’Spill fir eis ugekuckt.

D’Tina ass en 9-Joer-aalt Weesekand. Zesumme mam SAM-53, engem sympathesche Roboter, deen op si oppasst, lieft d’Meedchen zu Berlin, awer am Joer 2062. Et ass eng ongemittlech Plaz, Entreprise kontrolléieren d’Liewe vun de Mënschen an der mëttlerweil groer a freedloser Stad.

"Encodya is a Point-and-Click-Adventure game in a Cyberpunk setting. And it's basically a mixture of three things that I really like. It is the humor and game style of Monkey Island, the setting of Blade Runner and the sweetness and creativity of Studio Ghibli from Japan by Miyazaki."

"Encodya ist ein Point-and-Click-Adventure in einem Cyberpunk-Setting. Es ist eine Mischung aus drei Dingen, die ich sehr bewundere: der Humor aus Monkey Island, die Kulisse aus Blade Runner und die Kreativität des Entwicklers Studio Ghibli aus Japan."

RTL

… esou de Nicola Piovesan, den Entwéckler vun Encodya. Entstanen ass d’Iddi vum Spill wéinst dem animéierte Kuerzfilm „Robot will protect you”, mat deem de Nicola virun e puer Joer fir vill Begeeschterung Online gesuergt huet.

"People really liked the characters and the setting and the visual style of the short film. So they wanted me to make a game with the same characters and setting. So I started in January 2019 to develop Encodya with the same characters and settings of the short film, but a brand new story, a completely new adventure."

"Die Leute mochten das Setting, die Grafik und die Charaktere. Sie haben mich ermutigt, daraus ein Spiel zu machen. Also habe ich Anfang 2019 begonnen, Encodya zu entwickeln. Das Spiel handelt, wie der Film, von Tina und ihrem Roboter, die aber ein völlig neues Abenteuer erleben."

D’Spill ass op englesch vertount ginn, mat et sinn awer natierlech och Ënnertitel dobäi. D’Spiller steieren d’Tina an hire Roboter-Begleeder duerch spannend Aventuren a léise mat béide Charakteren deels schwiereg Rätselen.

"Encodya has more than 100 locations, more than 100 inventory items, more than 30 non playable characters and a lot of puzzles - I really can't even count them. And the average gameplay, that we estimated, is about nine, ten hours. So they start this journey, this mission to save Neo-Berlin from its
greyness and its darkness."

"In Encodya gibt es mehr als 100 Orte, über 100 Objekte für die Rätsel, mehr als 30 sehr unterschiedliche Charaktere und so viele Puzzle, dass ich sie kaum zählen kann. Das Spiel hat eine Länge von ungefähr neun bis zehn Stunden, in denen die Spieler Tina und Sam-53 helfen, Neo-Berlin zu retten."

Encodya ass de 26. Januar fir de PC erauskomm an ass op Steam a GOG ze kréien.

A mat e wéineg Gléck, kënnt der d’Spill elo eemol bei eis gewannen. Dofir einfach bei eisem Gewënnspill matmaachen.