D'Gesellschaftsspill mam passenden Numm "Stardew Valley: The Board Game" soll dobäi eleng, wéi och mat bis zu 3 anere Matspiller spillbar sinn.

Iwwerraschend Ukënnegung fir Stardew Valley-Fans: Zënter mëttlerweil méi wéi 5 Joer ass déi beléifte Landwirtschaft-Simulatioun um Marché a konnt an dësem Zäitraum der Konkurrenz, wéi beispillsweis der Story of Season oder der Harvest Moon Franchise, de Rang oflafen.

2 Deeg virum 5-järege Jubiläum, nämlech dem 24.02.2021, huet den Entwéckler vum Spill, ConcernedApe, eng Meldung publik gemaach, déi wuel bei esou muncher Fan Häerzklappe verursaacht huet. Esou gouf eng Ëmsetzung vum Spill als Brietspill ugekënnegt.

D'Gesellschaftsspill mam passenden Numm "Stardew Valley: The Board Game" soll dobäi eleng, wéi och mat bis zu 3 anere Matspiller spillbar sinn. Präislech soll sech dat ganzt ëmgerechent bei 45€ apendelen an et soll och fir d'éischt nëmmen an den USA erhältlech sinn.

D'Spillmechanik vum Brietspill änelt dobäi staark dem Videospill. Esou kann ee Frëndschafte mat den Duerfbewunner schléissen, an der Minn Äerzer ofbauen, säi Land beschafen an Déiere grousszéien. Bei dësen Aktioune sammelt een Häerzer, déi engem zu Punkten an zu nach méi Aktioune weiderverhëllefe kënnen.

Aktuell ass d'Spill am Online-Shop ausverkaaft, mä den Entwéckler huet schonn ugekënnegt, datt si d'Spill noproduzéiere wäerten a schléisst och eng Ëmsetzung am Rescht vun der Welt net aus, sou datt och Fans an Europa villäicht deemnächst an de Genoss vum Brietspill komme wäerte kënnen.