Wärend der Fréijoersbotz am RTL-Gebai hu mir eng Partie Konsolen, jo quasi scho Retro-Konsolen entdeckt, déi elo natierlech e Besëtzer sichen.

A wéi kann een eis Retrogaming-Woche besser starten, wéi mat der bis haut meeschtverkaafter Nintendo-Konsol.

De Grond, dass dës Konsol sou dacks verkaaft gouf, läit wuel dorunner, dass et op der enger Säit eng Konsol war, déi fir déi éischte Kéier Motion-Manetten agesat huet, wou also d'Beweegung eng Roll spillt. Op der anerer Säit ass et eng Kontroll, déi fir déi éischte Kéier och e grousse Succès bei der méi aler Populatioun huet, déi manner mat Gaming um Hutt huet, also net nëmme Kanner a jonk Erwuessener uschwätzt. Bei der Konsol ass dann och eng Manett an d'Spill Wii Sports dobäi.

RTL

Ma niewent der Nintendo Wii, déi wéi gesot nach komplett nei verpaakt ass an ni aus er Këscht erausgeholl gouf, leeë mer och nach Wii Fit nach komplett nei verpaakt drop, sou dass een och direkt mat spillen ufänke kann, respektiv mat trainéieren. Ma och Wii Sports ass jo inclusiv am Package dobäi.

Fir d'Nintendo Wii a Wii Fit mat e wéineg Gléck ze gewannen, maacht einfach bei eisem Gewënnspill mat! Beweist äert Wii-Wëssen a kommt am schnellsten duerch eise Quiz!