Ma och wa sech ëmmer méi Leit an Tëleeschaînë fir hir Videoen interesséieren, wëllen de Florian a seng Kolleege beim Medium Internet bleiwen.

Normalerweis erzielen de Florian, François a Julien de Leit dobaussen d’Geschicht vu besonnesche Persounen, Plazen oder historeschen Evenementer. Ma haut erziele mir hir Geschicht. Nämlech déi, wéi aus engem klenge Gaming-Blog ee Youtube-Kanal mat bal 2 Milliounen Abonnente ginn ass. Déi 3 Kolleege produzéieren nämlech Videoen, wou se hir Spectateure mat op verloosse Plazen huelen, oder och Weltkrich-Documentairen, déi souguer d’Geschichtsmuffele paken.

Geschicht, Geschichten an Aventuren – dorëms geet et um Youtube-Channel „Mamytwink“. Ee Projet dee viru Joren zu Lëtzebuerg entstanen an zu enger richteger Success Story ginn ass. Ugefaangen huet alles mam Florian Henn, ee jonke Fransous, deen zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass an d’Europaschoul besicht huet. Scho wéi hien am Lycée war, huet hie seng éischt Internetsäit op d’Been gestallt, mam Thema “World of Warcraft”, e bekannt Video-Spill. Puer Joer drop, zu Metz, huet de Florian zesumme mat senge Kolleege François a Julien ee Youtube-Kanal gegrënnt. A vun e puer 100 Leit, déi um Ufank hir Videoe gekuckt hunn, si se mëttlerweil op 1,68 Milliounen Abonnente komm. De Contenu vum Channel “Mamytwink” huet sech awer mat der Zäit geännert. Ewech vum Gaming, hin zur Geschicht, der zweeter Passioun vum Florian a sengen Associéeën.

Sue mat hire Videoen ze verdéngen, wier ni hiert Zil gewiescht, esou de Florian. Ma wéi d’Zuel vun den Abonnenten ëmmer weider geklommen ass, sinn och Sponseren op déi dräi Kolleegen opmierksam ginn. Haut stécht eng richteg Entreprise hannendrun mat am Ganze véier Leit, déi u “Mamytwink” schaffen. An dat erméiglecht et hinnen och, méi speziell Projeten ze realiséieren, wéi zum Beispill eng Rees op Tschernobyl.

Julien Aubrée, Auteur: “Tchernobyl c’est un lieu qui est emblématique, c’est un lieu super important de l’histoire du 20e siècle. Et depuis le début des explorations avec Florian et François, on voyait ça comme un but à atteindre. ‘Un jour on ira explorer Tchernobyl, un jour on ira à Pripyat’.”

2018 war et dunn souwäit. Eng Woch laang war d’Ekipp vu “Mamytwink” an der Geeschterstad ënnerwee. D’Resultat ass een Documentaire vun enger Stonn, dee méi wéi 3 Millioune Mol op YouTube gekuckt ginn ass an et souguer bis op d’franséisch Tëlee gepackt huet.

Ma och wa sech ëmmer méi Leit an Tëleeschaînë fir hir Videoen interesséieren, wëllen de Florian a seng Kolleege beim Medium Internet bleiwen. Well se do total fräi sinn an deem wat se maachen a wéi se et maachen, erkläert de Florian.

Florian Henn, Grënner vu “Mamytwink”: “C’est un peu la magie d’internet. Um Internet kann een eng Iddi hunn a wann een dru fest hält, da kann et och eppes Seriöes ginn.”

Seriö sinn och hir Ambitiounen. Nieft hire Videoen hu si nämlech schonn zwee Bicher erausbruecht a wëllen hiren zweete Youtube-Kanal, dee sech ronderëm Aventuren a Survival dréit, weider ausbauen. Un Driff feelt et de Jonge vu “Mamytwink” also definitiv net.