Um 18 Auer ass d'Live-Iwwerdroung op den offizielle Youtube- an Twitch-Channels. Den Highlight ass d'Presentatioun vun enger "Life Is Strange"-Suite.

Square Enix, bekannt fir Spiller wéi Final Fantasy, Dragon Quest oder Kingdom Hearts, huet an engem Schreiwes de Start vu "Square Enix Presents" annoncéiert. Hei wäert de Publisher, wéi dat beispillsweis bei Nintendo scho länger ëmgesat gëtt, reegelméisseg nei Spiller, Updates a News online presentéieren. Den éischten Event ass dann elo den 18. Mäerz um 18 Auer, dat op YouTube an Twitch.

D'Presentatioun solle ronn 40 Minutten daueren a wäert sech virun allem ëm en neien Deel vun der Life is Strange-Serie dréien. Verode gouf schonn, dass et am neien Deel eng nei Protagonistin, mat neie Pouvoire wäert ginn.

Ma domadder awer net genuch, et wäerten och nei Traileren, Gameplay-Videoen an Annocnementer vun dëse Spiller ginn:

- Outrider, en intensiven RPG-Shooter, deen an engem eegenen, düsteren a spannende Sci-Fi-Universum spillt an den 1. Abrëll erauskënnt
- Balan Wonderworld, dat de 26. Mäerz erauskënnt
- de 25. Jubiläum vun Tomb Raider
- Marvel's Avengers, e storybaséiert Third-Person-Action-Adventure vu Crystal Dynamics
- den Action-Shooter Just Cause Mobile
- aner Mobile-Spiller vu Square Enix Montréal
- eng Partie Spiller vun der Schwëster-Firma Taito

Weider Informatiounen iwwert "Square Enix Presents" ginn et hei! Hei geet et op den offizielle Site vu Square Enix.