De Larry ass elo fir zweet Kéier bannent kierzter Zäit nees zréck an iwwertrëtt dobäi nees Grenzen a weist der Gesellschaft de Spigel vir!

Zënter elo scho 34 Joer gëtt et d’Videospill-Serie “Leisure Suit Larry”, eng Serie, déi definitiv frësche Wand an d’Videospill-Zeen bréngt an dobäi sécherlech fir deen een oder aneren d’Grenz vum gudde Goût iwwertrëtt. Den Haaptcharakter ass dobäi nach ëmmer den Anti-Held Larry Laffer mat sengem wäisse Kostüm, dee schonn an den 80er net méi „IN“ war an deen sech dacks ausschliisslech mat senge weibleche Matmënsche beschäftegt. Och den Humor ass no 15 Deeler eent wéi d’anert Mol zimmlech grenzwäerteg… Ma genee dat ass et, wat “Leisure Suit Larry”-Serie ausmécht.

De selwer-ernannte Fraenheld stierzt sech a „Leisure Suit Larry: Wet dreams dry twice“ nees an eng nei Aventure, an hien ass nees op der Sich no senger grousser Léift. An der typescher Point-and-Click-Manéier muss een sech de Wee duerch d’Spill manövréieren an dobäi vill Rätselen, déi zum Nodenken ureegen, iwwerwannen. Donieft léiert een och nach vill Charaktere kenne mat deenen een interagéiere muss fir un säin Zil ze kommen.

RTL

D’Paradedisziplin vum Spill ass dobäi allerdéngs säin Humor. Wann een sech d’Spiller vu fréier ukuckt, géif den Humor vum Larry hautdesdaags sécherlech als sexistesch aklasséiert ginn. An och am néie Spill ginn et natierlech och nees eng ganz Partie Witzer, déi kloer méi kritesch wéi fréier sinn dobäi op d’Mëssstänn vun haut opmierksam maachen, awer net um gewinnte pefferegen Toun spueren. Verschidde Leit kéinten dës Witzer als verletzend empfannen. Dorop sief op dëser Platz opmierksam gemaach!

D’Spill ka mat engem gudde Soundtrack a mat sengem schéine Grafikstil iwwerzeegen. Déi ganz Welt souwéi och d’Charaktere goufen digital per Hand gezeechent a ginn dem Spill soumat en ganz extrae Charme. Och déi gutt Synchronisatioun ënnersträicht dat stëmmegt Gesamtbild.

„Leisure Suit Larry: Wet dreams dry twice“, wat scho säit längerem fir PC a Mac erauskomm ass, gouf och elo viru Kuerzem fir d’PS4 a fir d’Nintendo Switch erausbruecht.

Dir kënnt elo bei ons een Download-Code fir d’Spill op der Playstation 4 gewannen. Dofir musst Dir ons just folgend Fro beäntweren.