Viru Kuerzem gouf an engem klengen onscheinbare Livestream eng nei Konsol ugekënnegt.

Riets ass dobäi vun engem neien Handheld, dem Playdate. Vum Ausgesinn änelt d’Konsol dem GameBoy, allerdéngs fält op datt sech op der Säit vum Playdate eng Kuerbel befënnt, déi een erausfuere souwéi och dréine kann. Déi Kuerbel soll laut den Entwéckler aus dem Haus "Panic" komplett nei Spillerfarunge vermëttelen.

Am ganze plangt den Entwéckler, d’Spiller fir d’Konsol an engem Season-Modus erauszebréngen. Esou sollen an der éischter Season all Woch zwee néi Spiller fir d’Konsol erauskommen. Insgesamt goufe 24 Spiller fir de Playdate bestätegt, allerdéngs sollen nach weider Iwwerraschungen op d’Leit waarden. Doriwwer eraus soll fir de Konsument och d’Méiglechkeet bestoen, selwer Spiller fir d’Konsol ze programméieren. Hobby-Programméierer dierften domat wuel och eng néi Spillsaach fonnt hunn.

D’Konsol kann ab dem 29. Juli 2021 ab 19 Auer Lëtzebuerger Zäit virbestallt ginn. De Präis vum Playdate beleeft sech dobäi op 179 US-Dollar, de Versand nach net dobäi gerechent. Zousätzlech kann ee sech nach en Schutz-Cover, souwéi en Stereo-Dock dobäi bestellen. Erfëllt de Cover den Zweck d’Konsol ze schützen, erméiglecht den Dock d’Konsol als Online-Radio ze notzen, deen op verschidde Soundclouds zréckgräife kann. Déi éischt 20.000 Virbestellunge sollen iwwerdeems Enn des Jores ausgeliwwert ginn. De Rescht géif da réischt am Joer 2022 de Wee zu de Clientë fannen.

Wann Dir Iech fir des Konsol interesséiert, kënnt Dir Iech fir zousätzlech Informatiounen och nach gären dëse Video ukucken!

Wat sot dir zum Playdate? Wäert Dir zouschloen oder loosst Dir éischter d’Fanger dovun?