Gewannt en Download-Code fir "Hell Let Loose"

© Black Matter Pty Ltd
Kämpft an "Hell Let Loose" op de berüümtste Schluechtfelder vun der Westfront, dorënner Carentan, Omaha Beach a Froy a ville méi!
Bei Hell Let Loose handelt et sech ëm e realistesche Mulitplayer-Shooter fir de PC, dee sech vum Setting hier am 2. Weltkrich ugesidelt huet. Bis zu 100 Spiller kënnen dobäi an enger Kampf-Zeenerie géinteneen untrieden a mat Infanterie, Panzer a Fligere kämpfen an dat feindlecht Gebitt erueweren.

© Black Matter Pty Ltd
Op de risege Maps, déi scheinbar detailléiert nogestallt goufe mat Hëllef vun deemolege Satellitten-Opnamen an déi an der Realitéit ganze véier Quadratkilometer entspriechen, geet et dobäi allerdéngs net nëmmen ëm dat géigesäitegt Beschéissen, mä och ëm den Opbau vu Verdeedegungsstrukturen an ëm de Ravitaillement vun den Truppen. Soumat ginn Elementer aus Strategiespill, Shooter a Battle-Royal kombinéiert.
Doriwwer eraus weess d’Spill duerch d’Vielfältgekeet z’iwwerzeegen. Esou kann ee souwuel als Offizéier, Späher, Maschinist, Sanitäter, Ingenieur oder Panzer-Chauffeur spillen a ganz individuell Aufgaben erleedegen. Doriwwer eraus soll d’Spill järlech véier Updatë spendéiert kréien, an deem néi historesch Maps, Waffen a Spillklassen agefouert solle ginn.

© Black Matter Pty Ltd
Aktuell sti 14 Spill-Klassen zur Verfügung, souwéi 38 Waffen, 14 Gefierer an 9 Maps. Bei de Maps goufe mat Kursk a Stalingrad allerdéngs schonn zwou néi Maps ugekënnegt, woubäi bei deenen aneren Saachen den Entwéckler Black Matter Pty Ltd d’Spiller an d’Spillerinnen iwwerrasche wëll.
Dir wëllt och an de Genoss vun Hell Let Loose kommen? Dann beäntwert ons folgend Fro an Dir hutt Chance iwwert ons en Download-Code fir de PC vun Hell Let Loose ze gewannen.