Tencent féiert Zäitlimitt fir Videospiller an

© AFP (Archiv)
De chineesesche Videospill-Hiersteller gëtt dem Drock vun der Regierung no a féiert Zäitlimite fir Kanner a Jugendlecher an.
Dës Restriktioun ass eng Reaktioun op d'Uschëllegunge vum Staat, datt d'Technologie-Firmaen ze vill Muecht hätten. An dësem Zesummenhang hu staatlech Autoritéite Videospiller als "geeschtlecht Opium" bezeechent.
Eng Deliberatioun vum bekannte Videospill-Hiersteller Tencent verhënnert, datt Spiller ënner 12 Joer am Multiplayer-Spill "Honor of Kings" kënne Geld ausginn. Fir Spiller ënner 18 Joer gëllt ausserdeem wärend der Vakanz eng Spillzäit vun 2 Stonnen, wärend der Schoulzäit nëmmen 1 Stonn.
De Gewënn vun Tencent ass am zweeten Quartal, trotz Drock vun der chineesescher Regierung, däitlech an d'Luucht gaangen. Dozou bäigedroen hunn ënner anerem Spiller wéi "Honor of Kings" oder "PUBG".