De President vum Digitalverband "Bitkom", den Olaf May, erkläert, dass d'Bedeitung vu Videospiller 2021 nach eemol par rapport zu 2020 geklommen ass.

Eng enger representativer Ëmfro vum Verband hu 6 vun 10 Gamer uginn, dass hinne wärend der Pandemie ouni Videospiller "de Plaffong op de Kapp gefall" wier. 2020 war et knapp d'Hallschent vun de Leit déi befrot goufen.

Virun der Pandemie hunn an Däitschland 46% vun de Leit reegelméisseg Videospiller, 2021 ass dëst op 50% geklommen. Jonk Persounen am Alter tëscht 16 bis 29 (81 %) spille liicht manner, wéi Persounen tëscht 30 an 49 Joer (67%).

Ma virun allem an der Tranche do driwwer mierkt ee kloer e staarkt Klamme vun der Gamer. 4 vun 10 Mënschen am Alter tëscht 50 a 64 Joer spille Videospiller, bei de Leit iwwer 65 Joer sinn et ëmmerhin nach 13%.

Ma d'Pandemie huet awer och eng Afloss op d'Dauer vum Spille pro Woch. Virdru louch een nach bei am Duerchschnëtt 5 Stonne pro Woch, mëttlerweil läit ee bei duebel sou vill, also bei 10 Stonnen. En Drëttel vun de Leit hunn och uginn, dass hinnen e Verzicht vu Videospiller op Zäit schwéier gefall wier, bal 2/3 ginn un, dass hinnen Zocken hëlleft vum Alldag ofzeschalten. 4 vun 10 Gamer kéinte sech e Liewen ouni Zocken net méi virstellen.

76% vun de Befrote Leit hunn uginn, an de leschten 12 Méint Geld fir Spiller ausginn ze hunn, 2020 louch een nach bei 69%. Männer hunn an der Reegel ganz liicht méi fir Videospiller ausginn.

Bei der Ëmfro haten 1.300 Persounen iwwer 16 Joer matgemaach.