Viru kuerzem hat d'Pokémon Company eng ausféierlech Direct (Pokémon Presents) ofgehalen an där se vill néi Informatiounen zu hire Spiller geliwwert hunn.

Ugefaangen huet d'Presentatioun mat e puer Informatiounen zu de sougenannten Nischentitele vu Pokémon. Esou soll den 22. September 2021 d'Spill Pokémon Unite, wat viru Kuerzem fir d'Nintendo Switch erauskomm ass, och fir d'Smartphonen erauskommen. Doriwwer eraus gouf confirméiert, datt d'Spill eng Cross-Play-Funktioun ënnerstëtze wäert. Dat heescht, datt d'Leit op der Switch a mam Handy gläichzäiteg géinteneen, bezéiungsweis matenee spille kënnen. Zousätzlech goufe mam Mamutel a Feelinara (op englesch Sylveon a Mamoswine) zwee néi Kämpfer virgestallt, déi warscheinlech nach an dësem Joer per Update fir Pokémon Unite bereetgestallt wäerte ginn.

Ausserdeem gouf ugekënnegt, datt fir den 2. Jubiläum vu Pokémon Masters EX néi Eventer a Goodies an d'Spill implementéiert wäerte ginn.

Zu gudder Lescht gouf och nach gesot, datt d'Spill Pokémon Café Mix fir den Handy a fir d'Nintendo Switch gänzlech ëmstrukturéiert wäert ginn. Weider Informatioune wollt ons d'Pokémon Company dozou awer nach net soen.

Domat net genuch...et goufen och nach déi néi Pokémon-Haaptspiller virgestallt, sou wéi vill Detailer zu den néie Spiller verëffentlecht.

RTL

© Pokémon Company

Esou gouf bekannt, datt d'Remakë vu Pokémon Pearl & Diamond mam Numm Pokémon Brilliant Diamond and Shining Pearl den 19. November 2021 an den Handel komme wäerten. Allerdéngs goufen och e puer Schmankerl fir d'Pokémon-Fans geliwwert. Esou ass et deemno rëm méiglech, d'Pokébäll mat Stickeren ze bepeschen, säi Charakter senge Wënsch no ze gestalten, d'Pokémon aus hire Bäll ze huelen a mat hinnen duerch d'Regioun Sinnoh ze lafen, de Konnex-Klub ze notzen a bei den typesche Kompetitiounen an der Sinnoh-Regioun deelzehuelen. Doriwwer eraus kann een och erëm an den Ënnergrond goen an do seng Geheimbasis opriichten, no Mineralië sichen an aussergewéinlech Pokémon fänken. Zousätzlech huet d'Pokémon Company en "Frühkäuferbonus" ugekënnegt, laut deem jiddereen, dee sech ee vu béide Spiller bis den 21. Februar 2022 keeft, en Manaphy-Ee am Spill geschenkt kritt. Leit, déi sech d'Spiller digital kafe wëllen, kréien zudeem 200 Pokébäll an 12 Flottbäll am Spill spendéiert.

Doriwwer eraus, kënnt nach eng speziell Nintendo Switch Lite am Pokémon Design eraus. Op dëser sinn d'Pokémon Dialga a Palkia ze gesinn an se wäert viraussiichtlech de 5. November 2021 op de Marché kommen.

RTL

© Pokémon Company

Dee leschten Deel vun der Presentatioun huet sech em d'Spill Pokémon Legends: Arceus gedréint, e Spill dat den 28. Januar 2022 an d'Butteker komme wäert. An engem ausféierlechen Trailer goufen déi "néi" Pokémon-Regioun Hisui, souwéi d'Handlung an de Spillprinzip vum Spill, néi Pokémon-Formen an en puer Uertschaften ausféierlech virgestallt. Insgesamt huet d'Pokémon Company bei dësem Spill e Schrëtt aus hirer Comfort-Zone gemaach an se hu sech getraut, en néie Wee anzeschloen. Dofir wëlle mir op dëser Plaz net méi spoileren. Fir all déijéineg, déi interesséiert sinn, kënne sech de ganzen Trailer hei nach eng Kéier ukucken. Doriwwer eraus gëtt et hei dann awer och en "Frühkäuferbonus". Spiller a Spillerinnen, déi sech d'Spill op egal wéi engem Wee bis den 9. Mee 2022 kafen, kréien en extra Kleedungsset fir hire Charakter am Spill geschenkt.

RTL

© Pokémon Company

Wat sot Dir zu den néien Informatiounen? Sidd Dir gehypted oder éischter nach skeptesch? Loosst eis et wéi ëmmer wëssen!