De First-Person-Shooter gouf genee viru 25 Joer am Summer 1996 publizéiert.

Et war fir déi éischte Kéier deemools, dass Gameren an eng Spillwelt agedaucht sinn, an där eng wierklech Dräidimensionalitéit present war an net flaach Welten, déi den Androck vun 3-D ginn hunn. "Quake" huet domat d'Gamingwelt staark beaflosst an huet deels souguer Standarden an der Branche gesat.

Virun allem de Multiplayer-Deel vu Quake huet de Start an eng nei Ära vum zesumme Spille lancéiert. Viru Kuerzem huet d'Spill dann och am Kader vum 25. Gebuertsdag a komplette grapheschen Update kritt.